Kongress vum Mouvement Ecologique 2026

Zesumme si mir eng staark an onofhängeg Stëmm

 

Mëttwoch, de 25. Mäerz 2026 um 18.15 Auer
am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Lëtzebuerg

 

Profitéiert och dervun, datt am zweeten Deel vum Kongress d’Waasserwirtschaft am Fokus steet: Wat ass den Zoustand vun eise Gewässer, eisem Grondwaasser a vum Drénkwaasser zu Lëtzebuerg? Wat muss gemaach ginn? Mam Dr. Marc Hans, Direkter vum Waasserwirtschaftsamt.

Et ass wichteg an et wär ganz flott, datt Dir op de Kongress kommt, och wann Dir soss net aktiv am Mouvement Ecologique sidd. Duerch Är Präsenz um Kongress weist Dir Är Solidaritéit an Är Ënnerstëtzung fir de Mouvement an den Aktiven, datt sech hiert Engagement lount. Natierlech kënnt Dir och positiv oder kritesch Umierkunge maachen an Iech iwwert d‘Situatioun am Waasserberäich informéieren. Grad an dësen Zäiten ass et wichteg, sech esou weiderhin gemeinsam Courage ze maachen sech fir eng nohalteg Welt anzesetzen!

Den Ofschloss ass bei engem Patt a „Walking Buffet“

Fir d’Organisatioun ze erliichteren a wéinst dem Iesse wier et léif, wann Dir Iech géift umellen: meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1.

 

Den Oflaf vum Kongress 2026

18.00      Accueil vun de Memberen – duerno ass de statutareschen Deel

18.15      Begréissung a Ried vun der Presidentin

18.30      De Bilan vun den Aktivitéite vum Joer 2025, mat engem Ausbléck an d’Zukunft, opbereet mat Biller an enger klenger Analyse wat erreecht gouf vu:

  • Mouvement Ecologique a
  • Oekozenter Pafendall
  • Stëftung Oekofonds
  • Klima-Bündnis Lëtzebuerg

Remarken / Ureegunge vun de Membere sinn erwënscht. Gäre kënnt Dir eis se och am Virfeld matdeele via meco@oeko.lu.

 18.50      Bilan 2025 Budget 2026

Finanzrapport vum Tresorier a vun de Keese-Revisoren – Decharge

19.00      Decharge vum Verwaltungsrot

Neiwal vu Membere vum Verwaltungsrot a vun de Keesen-Revisoren

Kandidature fir de Verwaltungsrot solle wgl. schrëftlech bis den 21. Mäerz beim Mouvement Ecologique (meco@oeko.lu) eragereecht ginn.

Fräi Aussprooch

19.15      Austausch mat dem Direkter vum Waasserwirtschaftsamt Dr. Marc Hans

Wat ass den Zoustand vun eise Gewässer, eisem Grondwaasser a vum Drénkwaasser zu Lëtzebuerg? Wat muss gemaach ginn?

Den Dr. Marc Hans wäert déi aktuell Situatioun am Waasserberäich an Aarbechts-schwéierpunkte vun der Verwaltung virstellen. Duerno ass en oppenen Austausch virgesinn, wou et bestëmmt ënnert anerem em follgend Theme wäert goen:

  • Zoustand an Entwécklung vun de Gewässer an dem Grondwaasser: Erreecht Lëtzebuerg seng Ziler an dësem Beräich? Wéi ee Rôle spillen déi verschidden Acteuren? Wéi kënne mir gemeinsam weider kommen?
  • Qualitéit vum Drénkwaasser: Wéi steet et mat der Belaaschtung duerch Ewigkeitschemikalien?
  • Entwécklung vun de Grondwaasserreserven: Si se erëm gefëllt oder nach net?
  • Versuergungssécherheet: Packen eis Waasserreserven eng steigend Bevëlkerungszuel an och déi ekonomesch Entwécklung vum Land? Wéi „resilient“ ass d’Waasserversuergung a wéi kënne mir dës laangfristeg garantéieren?
  • Ëmsetzung vun de Renaturéierungen: Wat sinn Erausfuerderungen ? Wéi kennen se méi séier ëmgesat ginn?
  • Wéi geet et viru mat de Kläranlagen: Stéchwuert Mikroplastik?
  • Wéi ëmgoe mat der Klimaverännerung am Waasserberäich?: Zum Beispill Stéchwuert «Schwammstadt».

Merci, datt Dir op de Kongress kommt! Merci wann Dir eis am Virfeld sot, datt Dir op de Kongress kommt, dat erliichtert eis d’Organisatioun (meco@oeko.lu).

 

Duerno ass Zäit fir en Austausch mam Sall an e Patt / Walking dinner.

 

Zu Fouss / mat Bus / Zuch op de Kongress

Zu Fouss: Aus der Uewerstad mam Panorama-Lift (Agang am Park “Pescatore”, da ca. 4 min. bis bei
den Oekozenter oder zu Fouss vum Fëschmaart an de Pafendall (ca. 10 min.).
Mam Bus: Bus AVL No. 23 a No. 26 Haltestelle “Théiwesbuer“ oder Vauban.
Alternativ: mat enger Bus-Linn bis bei d’Fondatioun Pescatore an da mam Panorama-Lift an de
Pafendall. Infoen zu de Busverbindungen: www.mobiliteit.lu
Mam Zuch: aus dem Norden oder vun der Gare-Lëtzebuerg bis op d’Gare Pafendall-Kierchbierg,
duerno ca. 10 min. zu Fouss bis bei den Oekozenter.
Mam Vëlo: aus der Uewerstad ënner anerem mam Panorama-Lift an de Pafendall – oder mam Zuch
vun der Gare-Pafendall aus. En iwwerdaachte Vëlosstand ass direkt beim Oekozenter
Mam Auto: am beschten um Parking “Glacis” parken an da mam Panorama-Lift (Agang am Park “Pescatore”, da ca. 4 min. bis bei den Oekozenter). Am Pafendall si ganz wéineg Parkplazen.

 

05.03.2026