Kéisecker info September (1) 2025

Download(s)

 

Den éischte  Kéisecker-info no der  Summervakanz ass besonnesch gefëllt. Dir sidd erëm häerzlech op d’Oekofest invitéiert, dat – niewent dem attraktive Programm – och d’Geleeënheet bidde soll, sech no der Summervakanz ze begéinen, auszetauschen, zesummen ze entspanen an ze feieren. Kuckt laanscht! Bréngt och Frënn mat.

Mee et gëtt natierlech wéi ëmmer genuch ze berichten. D’Serie «En Ouer fir d’Natur» gëtt weidergefouert, et gëtt vun den Energiewochen an enger inspiréierender Konferenz zum Thema «Renovatioun» erzielt; datt d’Jugend aktiv ass, liest Dir an engem Bäitrag vu move (S. 7 an u.v.a.m.).

Op de Säiten 3, 4 a 6 fannt Dir awer ganz kritesch Stellungname vum Mouvement Ecologique. Tatsaach ass, datt dës Regierung d’Rieder an der Ëmweltpolitik de Moment op frappant Aart a Weis zeréckdréint oder zumindest probéiert ze dréinen! D’Naturschutzgesetz soll nach weider däitlech geschwächt ginn; wa festgestallt gëtt, datt a bestëmmte Beräicher (virun allem Industrie a Gebaier) net déi verlaangten CO₂-Reduktioune gemaach ginn, probéiert een net dogéint ze steieren, mee mat  Rechentricken d’Problemer ze verdecken, ë.a.m.

De Mouvement Ecologique hieft seng Stëmm a stellt sech weider géint all déi Verschlechterungen, a formuléiert gläichzäiteg konstruktiv Propositiounen!
«Mir ginn eis net, sti fir eng nohalteg Zukunft a géint dës Dereguléierung an!»

 

 

10.09.2025