Kéisecker Info November (1) 2025

Download(s)

An dem neie Kéisecker-info fannt Dir:

Jonk Leit déi sech fir de Klimaschutz engagéieren: D’Move.- Campagne virun der Chamber – als Deel vun der globaler Jugendinitiative – weist op beandrockend Aart a Weis, datt jonk Leit sech weiderhin iwwerzeegt fir hir Zukunft asetzen. Liest méi iwwer hir Virstellungen a Uleies op der Säit 5.

Och an anere Beräicher geschitt vill: An enger rezenter Pressekonferenz huet de Mouvement Ecologique d’positiv Effekter vum Supply4Future-Projet vu Restopolis fir d’lëtzebuergesch (biologesch) Landwirtschaft ervirgehuewen – an huet gläichzäiteg d’Positioun vun der Landwirtschaftsministerin a Fro gestallt. Zousätzlech gëtt ëmmer méi iwwert den Afloss vun enger Maart dominéierender Firma op d’Verdeel- a Veraarbechtungsstrukturen am Land diskutéiert. Dir fannt en éischten Iwwerbléck op Säit 2.

Dir sidd och invitéiert zum Kick-off-Event „Mat voller Energie!“, deen den Ufank vun enger Serie vu Manifestatiounen iwwert d’praktesch Ëmsetzung vun der Energietransitioun markéiert.

 

Vill Spaass beim Liesen!