Gehäerztend Wantergeméis mat Kraider (vegan)
Dës Woch presentéiert Iech d’Lydie Philippy e Plat mat gehäerztenem Wantergeméis.
Produktbeschreiwung:
Mat Wantergeméis kéint en hutt duerch déi kal Joreszäit. Virun allem soll een ëmmer bio, regionaalt a saisonaalt Geméis huelen. Natierlech gëtt et och aner Geméiszorte wéi déi an dësem Rezept benotzt gi sënn, wéi z.B. déi verschidde Kabeszorten, Choufleur, Bounen asw … Mat dësem Rezept kann een ëmmer dat verschaffe wat grad am Frigo oder an der Spënnchen ass.
Dëst a vill aner Rezepter fannt Dir op veggie-table.lu
05.03.26







