Fro #7: Wat kann een natierlech géint „Schädlinge“ ënnerhuelen?
Resilienz am (Geméis)gaart geet duerch Villfalt – e breet opgestallte Gaart, also duerch eng divers Mëschung u Begleetkraider, eenheemesche Stauden a Gehölzer, suergt dofir, datt nieft de Schädlingen och Nützlinge en Doheem fannen. A sech sou alles an der Balance hale kann. An dëst ass net nëmme praktesch an ökologesch, ma och ganz schéin!
Elo am Fréijoer ass di richteg Zäit ze planzen – näischt wi lass an de Gaart, fir e prett fir de Summer ze maachen!
An den neie Miniclips-Ausschnëtter vun der Serie „Naturnoe Geméisgaart – Spuert Iech de Spuert“ beliichten de Claude Petit an de Max Epstein vum Krautgaart kuerz &knapp verschidden Aspekter aus dem naturnoe Geméisubau.
Dir wëllt nach méi gewuer ginn ? Da kuckt Iech déi véier komplett Episoden, déi de Gaart am Laf vum Joer weisen, a vill weider praktesch Froen an Tipps fannt Dir HEI





