Landesplanung – Urbanismus
  • Print Friendly


E gudde Standuert fir den neien Agrarzenter!

Fir vill Gespréichsstoff suergt am Ablack de geplangten neie Site vum Agrarzenter.

All Ëmwelt- an Naturschutzorganisatiounen, national berodend Gremie wéi de „Conseil supérieur de la protection de la nature“ an den „Observatoire pour l‘environnement naturel“, an och d‘Biergerinitiativ „BUSNA“ hu sech géint de Site ausgeschwat. E widersprécht och ville Virgabe vun dem Staat selwer …

Mir froen eis: Firwat gëtt weider dru geschafft? Firwat gëtt net direkt no engem anere Standuert gesicht?

Mir wëllen Iech an dem klengen Dépliant eis Argumenter duerleeën an Iechgleichzäiteg häerzlech op eis Generalversammlung invitéieren.

Wann dir wëllt no der GV mat eis zesummen iessen, da mellt iech w.e.g. u bis spéitstens den 22. 2. ënnert meco@oeko.lu.