Veggie Table: Péiterséilech-Hokkaido-Kalbass mat Feta-Kéis

Dës Woch presentéiert Iech d’Lydie Philippy e Péiterséileg-Hokkaido-Kalbass mat Feta-Kéis (lacto-vegetarisch)

 

Produktbeschreiwung:

Péiterséileg gehéiert zur Famill vun de Schirmgewächser a gëtt a ville Geméisgäert, Blummendëppen oder op Fënsterbänken geplanzt/geséint. Et gëtt net nëmmen den Zaloten, Eintopfen a Zoosse Geschmaach, mee ass och räich u Vitaminnen, Mineralstoffer a Spuerenelementer. Et gëtt zwou Zorte vu Péiterséileg, dee flaachen oder gekrauselten. De Goût vum flaachbliedegen Péiterséileg ass ganz intensiv a méi staark wéi déi krauseleg Zort. Nieft dem flachbliedegen Peterséileg gëtt et nach d’Peterséilegwuerzel, déi virun allem an Zoppen, Zaloten oder Ragoûte verschafft gëtt.

Dëst a vill aner Rezepter fannt Dir op veggie-table.lu