Aus der „STËFTUNG OEKOFONDS“ gëtt d’„FONDATION DU MOUVEMENT ECOLOGIQUE „
D’Stëftung Oekofonds gouf viru méi wéi 40 Joer gegrënnt. Si huet als Zil primär Projete vum Mouvement Ecologique ze ënnerstëtzen. Et goufen awer an der Vergaangenheet och Projete vu virun allem jonke Leit a vu befrëntenen Organisatiounen aus de Länner vum Süden ënnerstëtzt.
Am Laf vun der Zäit huet sech ëmmer erëm gewisen, datt et net evident ass, eng Stëftung an der Ëffentlechkeet bekannt ze maachen. Dat scho guer net, wann een net well d‘Geld an Ëffentlechkeetscampagnen zur Virstellung vun der Stëftung investéieren, ma an d’Projete selwer.
Fir der Stëftung eng besser Visibilitéit ze ginn a méi kloer ze vermëttelen, zu wéi engem Zweck d‘Don’e genotzt ginn, hunn d’Verwaltungsréit vun der Stëftung Oekofonds a vum Mouvement Ecologique duerfir decidéiert, de Numm vun der Stëftung ze änneren.
Aus der « Stëftung Oekofonds » ass d’« Fondation du Mouvement Ecologique » ginn. Dëst ass elo e kloren an eendeitege Message! Kennt derbäi, datt de Mouvement Ecologique an dësen Zäiten nach vill méi op Spenden ugewisen ass, fir eng staark an onofhängeg Stëmm an eiser Gesellschaft ze sinn an et duerfir och wichteg ass e klore Message ze ginn.
All Donateur gouf dëser Deeg iwwert dës Ännerung informéiert. Et ass u sech just den Numm vun der Stëftung geännert: wann Dir also eis ënnerstëtze wëllt, da bleiwen d’Konte vun der Stëftung bei der Post an der BCEE déi selwecht – an zwar :
CCPLLULL LU96 1111 0734 1886 0000
BCEELLULL LU31 0019 1100 4403 9000.
Just de Numm huet geännert. Don’en si weiderhi steierlech ofsetzbar an Dir kritt duerfir e Certificat fir der Steiererklärung bäizeleeën.
An de nächste Woche wäerte mir Iech méi am Detail iwwert weider Initiative vun der „neier – aler“ Stëftung informéieren.
Merci fir Är wäertvoll Ënnerstëtzung!
08.10.26





