Kéisecker info Mäerz (1) 2026
Dës Editioun steet ganz am Zeeche vun engem zentralen Zukunftsthema: Renovéieren amplaz ofrappen – Ëmbau virum Neibau. Am Kontext vun der Wunnengskris, der Klimakris an der Knappheet u Ressourcë stelle mir dat grousst Potenzial vum Bauen am Bestand an de Mëttelpunkt. Zesumme mam Oekozenter Pafendall presentéiere mir e konkreten 9-Punkte-Programm, deen opweist, wéi eidelstoend Gebaier reaktivéiert, gro Emissioune reduzéiert an zousätzleche Wunnraum geschaf ka ginn – an dat ouni weider Flächen ze versigelen. Kloer ass: Ouni eng konsequent Prioriséierung vun der Renovatioun si weder d’Klimaziler nach eng nohalteg Wunnengspolitik z’erreechen.
Mee dës Editioun geet nach méi wäit. Mir berichten iwwer den Austausch mam Ëmweltminister Serge Wilmes, iwwer Fortschrëtter an oppe Froen am Kader vun der Reform vum Juegdgesetz souwéi iwwer konkret Moossname fir eis Bëscher an Zäite vun der Klimakris ze schützen. Gläichzäiteg invitéiere mir Iech op d’Konferenz „Earth for All“ – mat Impulser aus dem Ëmfeld vum Club of Rome – a stelle Froen, wéi sozial Gerechtegkeet an ekologesch Transformatioun zesumme geduecht a gestalt kënne ginn.
Och praktesch Tipps däerfen net feelen: Vun der Reduktioun vu Mikroplastik duerch Pneuenofrieb bis hin zu neie Mini-Clips iwwert den naturnoe Geméisgaart weise mir, wéi jidderee säin Deel zu enger méi nohalteger Entwécklung bäidroe kann.
Mir lueden Iech och schonn an op d’Generalversammlung. Grad an dësen Zäiten ass d‘Solidaritéit wichteg.
Dës Editioun weist: Déi ekologesch Transformatioun brauch kloer politesch Kaderen, couragéiert Reformen – an eng engagéiert Zivilgesellschaft.
26.02.26






