Fro #5: Wéi kann ech den „No-Dig“ doheem preparéieren?
A lass, elo geet et an de Gaart, d’Saison 2026 ass gestart! An den neie Miniclips-Ausschnëtter vun der Serie „Naturnoe Geméisgaart – Spuert Iech de Spuert“ beliichten de Claude Petit an de Max Epstein vum Krautgaart kuerz & knapp verschidden Aspekter aus dem naturnoe Geméisubau.
An dësem Clip kritt Der erkläert, wéi Der elo am Februar d’Geméisbeeter nom „No Dig“ Prinzip preparéiert.
Dir wëllt nach méi gewuer ginn ? Da kuckt Iech déi véier komplett Episoden, déi de Gaart am Laf vum Joer weisen, a vill weider praktesch Froen anTipps op HEI un.






