Kéisecker Info Febuar (1) 2026
Schonn déi éischt Ausgabe vum Kéisecker-Info am neie Joer ass gutt gefëllt. Mee: wéi Dir gesitt, ginn déi wichteg Dossiere konsequent weiderbeaarbecht an et kënne weider interessant a motivéierend Veranstaltungen annoncéiert ginn.
Dëse Kéisecker-Info gëtt virun allem vun enger Stellungnam dominéiert zum Entworf vum Aktiounsplang fir de biologesche Landbau. Dee bleift leider wäit hannert den Erwaardungen zréck. Wann ee weess, wéi wichteg de Biolandbau fir eis Gesondheet an d’Ëmwelt ass, ass dës Approche vun der gesamter Regierung net ze verstoen. Och d’Gesondheetsministesch misst hei vill méi kloer Stellung huelen: Well aktuell gëtt mat der Gesondheet vun eis all gespillt. Dat gëllt genee esou fir den Ëmweltministère: Méi Biolandbau ka wesentlech dozou bäidroen d’Biodiversitéit z’erhalen.
Dir fannt den Kéisecker-Info HEI & an den Downloads.






