Oekosoph: De Lou ass a Pensioun, d’Elisabete an de Grégory iwwerhuelen

Zenter Enn Oktober ass net méi “Den authentesche Lou” de Bedreiwer vum Oekosoph, hee verwinnt eis net méi mat senge ganz gudde Platen – dëst well en a senger verdéngte Pensioun ass. E grousse Merci duerfir un de Lou, och fir di Convivialitéit, déi mat him den Oekosoph ausgezeechent huet.

 

Am November elo goufen d’Raimlechkeete vum Oekosoph och opgefrëscht an och Technik op de läschte Stand bruecht.

 

Déi nei Bedreiwer – d’Elisabete an de Grégory si frou, Iech ab dem 6. Januar 2026 begréissen ze kënnen.

 

Den Oekosoph wäert Iech an der gewinnter gemittlecher Ambiance empfänken, wou d’Konzept vun der biologescher Kiche, wa méiglech aus der Regioun, weiderhin am Vierdergrond steet. A natierlech waarden och vegetaresch a vegan Platen op iech. Nei ass, datt et elo erëm ëmmer eng Menuskaart (a net méi virun allem Buffet) gëtt an den Oekosoph elo reegelméisseg owes an och iwwert Mëtteg op.

 

Déi nei Ëffnungszäite sinn:

Dënschden-Freiden: 12:00 – 21:00 (Kichen)

Samsden: 12:00 – 17:00 (Kichen)

Reservatiounen: Tel: 43 90 30 91 oder Email: oekosoph@oeko.lu 

 

Kuckt och eran op der Homepage, do gitt Dir méi gewuer: oekosoph.lu

 

Déi nei Bedreiwer freeën sech op Iech! De Besuch lount sech weiderhin.

 

 

 

11.12.250