Aktioun vum move. : „Wat mir begruewen“

Link(s)

Leschte Freideg, den 14. November 2025, virun der Chamber: “Wat mir begruewen” -move. – déi Jonk am Mouvement Écologique – hunn e Freideg als Deel vum globale Klimastreik, deen de 14. November stattfonnt huet, un enger symbolescher Aktioun virun der Chamber deelgeholl. Wärend der COP30 hunn si virun der Chamber kloer gemaach:

 

Eis Zukunft däerf net begruewe ginn. Lëtzebuerg huet eng Verantwortung, handelt awer net konsequent genuch. Klimaextremer, Verloscht vun der Natur a sozial Ongerechtegkeet klammen.

 

Sie wëllen d’Hoffnung an d’Gerechtegkeet net begruewen – mä éischter fossill Brennstoffer, Ausbeutung vun de Ressourcen an zerstéierende Wuesstem.

 

Hir Haaptfuerderungen an d’Stellungnam fannt Dir HEI