Zesumme fir eis Zukunft – eng move.lerin zu Budapest

Um Ufank vun der Summervakanz war eng jonk Move.lerin an der Weltgeschicht ënnerwee, an zwar zu Budapest. Do huet d’Jo Ann move. op der Assemblée générale vun YFOEE (Young Friends of the Earth Europe) vertrueden. Rëm zréck zu Lëtzebuerg gouf et dann nawell vill vun der Aventure ze zielen.

 

YFOE Europe ass eng europäesch Organisatioun, déi sech mat allerhand Themen an Erausfuerderungen an der Welt ausernee setzt. Ob et lo em eis Ëmwelt, Klimagerechtegkeet, Migratioun, Fraerechter, Krich a Fridden oder aner wichteg aktuell Sujete geet – YFOE ass do fir Jonker aus allen Ecker an Europa ronderëm déi Sujeten zesummenzebréngen. Ech hat d’Chance bei der Generalversammlung 2025 dobäi ze sinn, well move. eng representativ Organisatioun vun YFOE ass. Si hunn nämlech a bal all Land vun der EU direkt YFOE-Zesummeschlëss fir u Projeten, Aktiounen a Campagnen ze schaffen. De Mouvement Ecologique ass déi Lëtzebuerger Sektioun vu Friends of the Earth (FoE), der Mammenorganisatioun vun YFOEE.

 

Liest hei an dem Jo Ann säi Bericht eran.