fr | de
oekosoph terrass
Print Friendly

Häerzlech wëllkomm am Oekosoph, dem Bistro vum Mouvement Ecologique am Oekozenter Pafendall!

Grad elo, wann d’Deeg méi laang ginn an d’Sonn bis an de spéiden Owend schéngt, invitéiert Iech d’Equipe vum Oekosoph ganz häerzlech laanscht ze kommen an de Bistro mat enger vun de schéinsten Terrassen iwwerhaapt fir déi flott Atmosphär a gutt Bio-Plat’en a Gedrénks ze genéissen.

Den Oekosoph ass Mëttwochs an Donneschdes vu 17:00 bis op mannst 23:00 fir Iech op!

Den Oekosoph ass e besonnesche Bistro dee vun enger passionéierter Equipe vu Benevol’en vum Mouvement Ecologique geféiert gëtt. D’Atmosphär ass gemittlech, och duerch de kreativen Intérieur, dee mat ale Café-Miwwel a neie Luuchten flott gestallt gouf.

Kommt an den Oekosoph fir ze poteren, sech zu begéinen, auszetauschen, a vläit och iwwert politesch Entwécklungen ze diskutéieren an natierlech och fir gudd Gedrénks a Plat’en ze genéissen.

 A mam Panoramlift sidd Dir ganz séier aus der Stad hei ënnen am Pafendall. 

Iessen an drénken

Menu Oekosoph aussen
Print Friendly

Iessen & drénken am Oekosoph

Am Oekosoph kritt Dir eisen traditionellen Kéisteller, Nuddelen, vegetaresch a vegan Platen … a bal all Mëttwoch kacht e Member vun der Oekosoph-Equipe en extrae Plat. (Normalerweis ass dien och nach Donneschdes ze kréien.)

Dir fannt en ëmmer op www.facebook.com/oekosoph.lu

Natierlech ass alles bio, grad och wéi eis Softdrinks, eise Beier (vum gezaapte Bio-Simon oder Bio-Okkult bis extra Beierzorten) a Wäin. Regelmässeg gëtt och e besonnesche Wein vum Mount ugebueden.

 

Kuckt einfach mol an eis Menükaart: Menükaart Oekosoph

Opgepasst: Am Oekosoph kann een net mat der Kaart bezuelen.

Am Oekosoph

Bistro_320px
Print Friendly

Regelméisseg stinn am Oekosoph um Programm:

all 2. Mëttwoch am Mount: Gesellschaftsspiller, zesumme mat enger Equipe vu Socialgaming, kommt laanscht mat Kollegen, a loosst déi flott al Traditioun vum gemeinsame Spillen erëm operliewen.

All 4. Mëttwoch  am Mount vun 18:00 – 21:00 (ausser an der Schoulvakanz): Sproochecafé: Dir verstitt a kënnt e bësselche Lëtzebuergesch,awer nach net wierklech gutt? Dann kommt laanscht am Sproochecafé am Oekosoph!

Am Bistro steet och e Bichertausch-Regal fir Bicher matzehuelen oder eent, dat Dir net méi wëllt, fir aner Leit dozeloossen. Ausserdem fannt Dir am am Oekosoph eng ganz Rei Zäitschrëften, vum Verbraucherschutz bis zu Fachzäitschrëften am ekologesche Beräich.

Extra-Plat vum Dag

Salade exemple_320
Print Friendly

(Bal) all Mëttwoch an Donneschden am Oekosoph:

den Extra-Plat vum Dag (gitt hei um Site an och op der Facebooksäit vum Oekosoph annoncéiert).

Mir wënschen e gudden Appetit!

Accès

Accès Oekozenter_DE
Print Friendly

Wéi kënnt een an den Oekosoph ?
Den Oekosoph am Oekozenter Pafendall (6, rue Vauban), ass ze Fouss a mam neie Panoramalift gudd ze erreechen, mee och mam Bus, Vëlo oder Auto ass et einfach ze fannen.

Klickt hei fir eng Wee-Beschreiwung

Oekosoph am Oekozenter

Oekozenter mat Bréck_web
Print Friendly

Fotoe vun der Ouverture vum Oekosoph fannt Dir an eiser Galerie.

Veranstaltungen im Oekosoph

kein dokument vorhanden