Wirtschaft
  • Print Friendly


Opruff – Interessi u Mataarbecht am Dossier TTIP ?

Déi am Ablack diskutéiert Freihandelsofkommesse tëscht EU a Kanada (CETA) an EU an Amerika (TTIP) wäerten en immensen Impakt op eis Demokratie, den Ëmwelt-, Gesondheets- a Verbraucherschutz hunn.

Fir et op de Punkt ze bréngen: reng zum Virdeel vu Multinationalen sollen eis a Joerzéngte gewuesse Rechter mat Féiss getrëppelt ginn, wann déi Ofkommesse wéi geplangt géifen a Kraaft trieden.

Duerfir engagéiert sech de Mouvement Ecologique e.a. och aktiv an der Lëtzebuerger Anti-TTIP-Plattform, zesumme mat Gewerkschaften, Ëmweltorganisatioun, Sozial-, Verbraucher- an Entwécklungsorganisatiounen.

An de nächste Wochen a Méint wäert den Dossier sécherlech ëmmer méi brisant a wichteg ginn.

Duerfir wär et wuel och gutt, am Mouvement Ecologique selwer e weidere feste Grupp vu Leit ze hunn, wou sech engagéieren.

Hutt Dir Loscht, Zäit an Interessi? Da mëllt Iech: meco@oeko.lu.