• Print Friendly


Kabar Ö – “Total am Bësch”

eng kabarettistesch Vue op eng Mouvementéiert Zäit

De klenge Lëtzebuerger Mikrokosmos, “déi do uewen déi decidéieren” – “déi do ënnen déi knadderen”, d’Loscht op Konsum – de Verdross virun der Verännerung vun der Landschaft, Engagement, Atomkraaft, Wirtschaftswuesstem, Politikverdrossenheet: Themen, déi haut ganz aktuell sinn.
Ma wéi war dat virun 10, 20, 30 Joren a méi? Ass haut alles besser? Wat ass muer?

Zum Ulass vum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Écologique huele mir Iech mat op eng kabarettistesch Zäitrees, mat sprëtzegen, interessanten «ale»  Nummere vu bekannten oder manner bekannte Kabarettiste bis hin zu e puer neien aktuellen Nummeren. A wee weess, vläicht ass villes wat mer haut soen, guer net esou nei. Oder éiren dach?
All eis nohalteg Texter sinn op recycléiertem Pabeier geschriwwen a sämtlech Pointe biologesch ofbaubar.
Et spillen: Alain Adams, Raymond Bertemes, Carole Doffing, Nicole Keiser-Jedrysiak, Irène Zeimes
mat Texter vun Alain Adams, Josy Braun, Roland Gelhausen, Jhemp Hoscheit, Josiane Kartheiser, Pir Kremer, Roland Meyer, Jay Schiltz, Jemp Schuster
Regie: Clod Thommes
musek Paul Dahm a Camille Nanquette
Terminer:
Première ass Mëttwochs, den 13. Februar 2019 – mat enger weiderer Virstellung
Donneschdes, de 14. Februar 2019 – jeeweils am “Sang a Klang”, Pafendall / Stad Lëtzebuerg. Weider Terminer wäerte queesch duerch d’Land sinn, och an Zesummenaarbecht mat Regionalsektioune vum Mouvement Ecologique, ugebueden (e.a. zu Steesel, Maarnech, Diddeleng, Bartreng, Ettelbréck / Dikrech, Miersch… ).
Di aktuell Date mat Infoen zur Umeldung gi mat Zäiten op eisem Site matgedeelt.