• Print Friendly


Reunioun vum “Aktiounscomité géint Atomkraaft” mam Wirtschats- an Energieminister Lex Delles

Download(s)

Ufank Abrëll hat den Aktiounscomité géint Atomkraaft, an deem de Mouvement Ecologique aktiv ass an deen och vum Mouvement Ecologique mat Greenpeace koordinéiert gëtt, eng ureegend Entrevue mam Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles. Dir fannt am Follgenden e kuerze Bericht.

 

  • Consultatioun zur Laafzäitverlängerung vun de Cattenom-Reakteren – Lëtzebuerg well Fermeture vu Cattenom

Als éischte Punkt huet den Aktiounscomité déi ustehend Prozedur zur Verlängerung vun de Lafzäiten vun den 1300 MW Reakteren a Frankräich am Allgemengen an déi spezifesch “visite décennale” zu Cattenom thematiséiert. Dobäi ass déi éischt Consultatioun zu den allgemenge Bestëmmunge rechtlech net verpflichtend, awer déi zweet Consultatioun an 2 Joer am Kader vun der Visite décennale vu Cattenom.

Den Aktiounscomité huet duergeluecht, datt et vu Lëtzebuerger Säit aus awer wichteg wär, fir elo schonn Asiicht a verschidden Dokumenter ze froen, bisweilen och Etuden an Optrag ze ginn, fir dës da fir d’Consultatioun an 2 Joer prett ze hunn an ee méiglechst kohärenten Dossier kënnen opzebauen. Et misst beispillsweis séchergestallt ginn, datt am Kader vun dee Consultatiounen, d’Aarhus- an d‘Espoo Konventioun par rapport zum Abanne vun Nopeschlänner an Ëmweltimpaktstudien respektéiert géife ginn.

Den Aktiounscomité freet dowéinst, op d’Lëtzebuerger Regierung Schrëtt fir déi aktuell allgemeng Consultatioun zu den 1300 Reaktere geplangt huet. Dat och am Hibléck drop, datt jo dann an 2 Joer déi konkret Consultatioun zum Atomkraaftwierk zu Cattenom usteet. Den Här Minister betount, datt hien direkt am Ufank vun der Reunioun wéilt ganz kloer stelle wat d’Fuerderung vun der Lëtzebuerger Regierung am Kader vun der Consultatioun zum Kraaftwierk Cattenom wäerte sinn: D’Lëtzebuerger Regierung wëll ganz kloer d’Fermeture vu Cattenom. Am Kader vun där Consultatioun géif een deen Ament och nees mat den däitsche Kolleegen zesummeschaffen, mat deene schonn eng Zesummenaarbecht besteet, an déi och ee grousse Knowhow an dë- sem Beräich hunn. Zur “Consultation publique” seet de Minister, datt hei direkt näischt virgesinn ass. Dat aus dem einfache Grond, datt dëst sech wéi den Numm et scho seet, un de Public riicht, wärend si als Regierung och de méi direkten institutionelle Wee kënnen a wäerten huele fir un déi franséisch Autoritéiten erunzetrieden.

Den Aktiounscomité freet an deem Kader no, wéi déi Schrëtt ausserhalb vun der “Consultation publique” konkret ausgesinn, op do beispillsweis effektiv eng Ëmweltetude an Optrag géif gi ginn oder ähnleches. Wëll an der Vergaangenheet hätt Frankräich dat z.B. fir d’Consultatioun vun den 900 MW Reakteren net gemaach, och wann dëst eigentlech noutwendeg wär fir d’Konventioune vun Aarhus respektiv Espoo ze respektéieren.

De Minister weist sech iwwerrascht, datt dat net souwisou de facto een Deel vun der Prozedur wär, a seet Merci, datt den Aktiounscomité hien dorop opmierksam gemaach huet. D’Lëtzebuerger Regierung géif sech zu dem Punkt awer ganz sécher mat Däitschland, an ënner Ëmstänn och mat Éisträich, zesummesetzen, an dëst afuerderen. De Minister betount awer och, datt dat awer op dësem Punkt sécher am Kollektiv mat den auslännesche Partnere wäert geschéien, well d’Fuerderung vu Lëtzebuerg als eenzele Staat wäert ganz zentral d’Fermeture vu Cattenom sinn. Vum Ministère aus gëtt an deem Kontext och nach d‘”Commission mixte franco-luxembourgeoise de la sécurité nucléaire” erwäänt, déi jo reegelméisseg zesummekënnt, a wou dëst sécherlech zu Sproch wäert bruecht ginn. Den Aktiounscomité leet duer, datt an der Vergaangenheet alt emol den Ausseministère innerhalb vun der Regierung de Rôle vum koor- dinéierenden Uspriechpartner iwwerholl huet a sech do bereet erkläert huet, fir d’Uleies vum Aktiounscomité weider un déi eenzel Ministèren an der Regierung ze vermëttelen. Vu datt d’Ufro vun dëser Reunioun un d’Regierung geriicht war an dunn un den Energie-Departement vum Wirtschaftsministère weidergeleet gouf, freet den Aktiounscomité op de Minister op säi Ministère dëse Rôle an dëser Legislaturperiode wéilt iwwerhuelen. De Minister erkläert sech dozou bereet, et misst een do zwar sécherlech reegelméisseg Récksprooch mam Ausseministère halen, well an dësem Kontext den diplomatesche Volet och eng ganz grouss Roll spillt. Mee prinzipiell wär een gäre bereet de Rôle ze iwwerhuelen.

 

  • Klo géint EU-Taxonomie – Regierung steet zum Wuert vun der Virgängerregierung

Als nächste Punkt thematiséiert den Aktiounscomité d‘ Klo géint d’EU-Taxonomie vun Éisträich,, där sech Lëtzebuerg jo an der leschter Legislaturperiod ugeschloss hat. Gedenkt d’Regierung do och weiderhin un der éisträichescher Säit ze bleiwen? De Minister äntwert, datt d’Regierung absolut zu der Decisioun vun der vireschter Regierung steet. Op d’Nofro op een dat och a potenziell zweeter Instanz géif maachen nom Urteel, seet de Minister, datt ee bis anescht entscheet positiver Déng wär, datt d’Geriicht Éisträich a Lëtzebuerg géif Rescht ginn. Weider gëtt den Energieminister ze bedenken, datt eng weider Demarche am Moment reng spekulativ ass, wëll sech jo eréischt an der Begrënnung vum 1.Urteel wäert weisen, awéifern do eng Optioun besteet an zweet Instanz ze goen, bisweilen och wéi een engem méiglechen Asproch vun der Géigesäit géif begéinen.

 

  • EU-Gelder net fir Atomkraaft ma fir erneierbar Energien

Den Aktiounscomité schwätzt de Minister dann och nach op d’rezent Aussoe vum Premierminister Luc Frieden un, datt och EU-Gelder an d’Nuklearenergie kéinte fléissen. De Minister Lex Delles verséchert, datt Lëtzebuerg sech an aller Form géint Investitiounen an d’Atomenergie op europäeschem Plang stellt. All Investitioun an den europäeschen Energiesystem soll an erneierbar Energië fléissen. De Minister gëtt och ze bedenken, datt awer natierlech op europäeschem Plang eng Rei Länner dofir plädéieren Investitiounen an Nuklearenergie ze tätegen. Do géif Lëtzebuerg dann och duerchaus mol demokratesch iwwerstëmmt ginn. Duerfir géing d’Lëtzebuerger Regierung ëmmer derfir plädéieren, datt – wann et iwwerhaapt muss sinn – a Sécherheet an an d’Fuerschung zur Behandlung an Handling vum radioaktiven Offall investéiert gëtt, vun datt dee jo numol och einfach do ass an dofir muss eng Léisung fonnt ginn.

Den Aktiounscomité mierkt un, datt ee jo awer och argumentéiere kéint, datt dës Fuerschung eigentlech an déi national Budgete géif gehéieren, déi d‘Nuklearenergie aktiv gepusht hunn an de leschte Joren. De Minister widdersprécht dem net, gëtt awer nach emol ze bedenken, datt déi Diskussiounen op europäeschem Niveau ee Prozess sinn, an dëst net als Wonschresultat ze gesinn ass mee als Kompromëss mat deene Länner déi um europäeschen Niveau Atomkraaft pushen. D´Lëtzebuerger Regierung gesäit dës als dat klengstent Iwwel an enger net idealer Positioun un. Datt wëll zumindest och all déi aner Länner grenziwwergräifend dervu profitéieren, wann de Management vum radioaktiven Offall verbessert gëtt.

 

  • Divest am FDC – am Pensiounsfong – Affaire à suivre

Als leschte Punkt hat den Aktiounscomité géint Atomkraaft dann nach den FDC um Ordre du jour stoen, zu där jo och d’Chambre am Februar 2023 eng Motioun gestëmmt hat. Dës Motioun huet ënner anerem virgesinn, datt sollt séchergestallt ginn, datt net an Entre- prisë sollt investéiert ginn, déi am Beräich vun der Nuklearenergie täteg sinn. De Comité verweist drop, datt dëst jo awer integral vun den deemolege Regierungsparteien ugeholl gouf, an awer herno am Verwaltungsrot vum FDC Vertrieder vum Ministère eng Investi- tiounsstrategie matgedroen hunn , déi nach ëmmer Investitiounen an Nuklearenergie erlaabt. Dës wär haut en place. De Minister erkläert, datt dëse Punkt net a sengem Zoustännegkeetsberäich läit. Hee géif virschloen, sech dofir mat der Ministesch fir Gesondheet a Sozial Sécherheet an hiren Experten zesummenzesetzen, fir iwwert dës Uleies ze diskutéieren. Op Nofro vum Aktiounscomité verbleift een esou, datt den Energieminister dëst mat Ministère fir Sozial Sécherheet ofkläert an dem Aktiounscomité da matdeelt, wéi esou eng Reunioun kann zustane kommen.

 

 

De ganze Bericht fir erofzeluede fannt Dir an den Downloads.

 

 

19.04.24