Bildung für nachhaltige Entwicklung
  • Print Friendly


Opruff – Loscht fir beim Bildungsgrupp vum Mouvement Ecologique matzemaachen?

„D’Bildung muss esou ëmgestallt ginn, datt se endlech de grousse gesellschaftlechen Erausfuerderungen (ugoe vun der Klimakris, Aartestierwen, sozial Ongläichheeten…) gerecht gëtt a muss duerfir reforméiert ginn!“ … esou léist sech d’Grondausriichtung vum Engagement vum Mouvement an dësem Beräich zesummefaassen. De Fokus vum Bildungsgrupp läit am Ablack op der Bildung ab dem Lycée.

D‘Effort’en déi am Ablack um Niveau vun der politescher Bildung ergraff ginn, si secherlech begréissenswäert. Ma se ginn awer bei wäitem net duer fir déi grouss Erausfuerderungen unzegoen. Et muss ee leider och am Joer 2021 nach ëmmer feststellen, datt d‘’Bildungspolitik et nach ëmmer verschweesst eng nohalteg Schoulkultur offensiv ze thematiséieren an unzegoen.

Positiverweis beméien sech zwar vill Schoulen an Enseignanten d‘Thema Nohaltegkeet opzegräifen,  allze oft geet den Engagement awer net iwwer „wéi méi recycléieren“ a „manner Plastik“ eraus. Oft gëtt vergiess, datt d’Bildung och den Optrag huet, Leit staark ze maache fir gesellschaftlech Verännerungen erbäizeféieren (erbäizeféieren), nohaltegt ze handelen oder de Perspektivewiessel a vernetzt denken ze fërderen…

Duerch de Kontakt mat de jonken Aktive vu move. an de jorelaangen Asaz fir d‘Bilung fir Nohalteg Entwécklung ass am Mouvement Ecologique e grousst Wëssen iwwert déi aktuell Situatioun an de Schoulen an den Erausfuerderunge vun der nohalteger Bildung opgebaut ginn. An de leschten zwee Joer goufen esou och, ënnert anerem, zwee grouss Eventer zu den Themen Demokratiekultur an den Ëmgang mat de grousse gesellschaftlechen Erausfuerderungen organiséiert. Mat jeeweils iwwer 100 Participant’en aus de verschiddenste Lycéeën aus dem Land waren dës e groussen Erfolleg a se weisen, datt et vill motivéiert an engagéiert Mënschen an de Lycéeë gëtt.

De Bildungsgrupp –  E feste Grupp opbauen an d’Thema no baussen droen

Déi läscht Joren iwwer hunn um Thema Bildung méi oder manner reegelméisseg ganz vill verschidde Leit matgeschafft – sief et fir eng Versammlung oder en Austausch am Kader vun engem spezifeschen Event. Zil ass elo op Basis vun där Aarbescht e e feste Bildungsgrupp opzebauen.

Aus de Veranstaltungen an dem Austausch konnt en Entworf vun engem Positiounspabeier erstallt ginn, mat pedagogeschen Erkenntnisser, Erfarungen a strukturellen Ureegunge fir e Wee an eng nohalteg Schoulkultur. Et wier en éischt Zil vum Grupp, dësen Entworf ze diskutéieren an ze verbesseren, Prioritéiten erauszeschielen an ze kucken, wéi een déi méi staark no bausse gedroe kritt a Verbesserunge mat an d’Wee leede kann.

Fir néideg Entwécklungen unzestoussen oder weiderzedreiwebrauch et engagéiert Leit op allen Niveau’en. De Bildungsgrupp, a seng aktuell Membere géifen sech freeën, wann nach motivéiert Leit Loscht hätte reegelméisseg am Grupp matzemaachen. Et lount sech op allefalls!

Dir sidd selwer am Bildungsberäich aktiv / aktiv gewiescht, Schüler*in oder einfach interesséiert um Thema Bildung matzeschaffen, da mëllt Iech beim Cédric Metz, dem Coordinateur vum Bildungsgrupp. Eng Versammlung fir Enn Abrëll/Ufank Mee steet virun der Dir, den Datum gëtt gemeinsam festgeluecht.

Cedric.metz@oeko.lu