• Print Friendly


move. Fest 2024

 

Den 8. Juni ass nees eng méi lass bei move.! Wéi all Joers organiséiert d’Jugendorganisatioun vum Mouvement Ecologique d’move.Fest am Oekozenter Pafendall, mat coole Bands (e.a. Atomic Pearls), guddem Iessen a flotten Aktivitéiten.

 

Komm laanscht, bréng deng Kolleege mat oder léier cool nei Leit kennen! De ganze Programm, mat ënner anerem enger klenger Excursioun mam Roger Schauls an engem Biodiversitéits-Quiz, sinn um Site vu move. ze fannen.