Nachhaltige Entwicklung
  • Print Friendly


Kommerzielle Waasserverbrauch: Bréif un d‘Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Carole Dieschbourg

Wéi eng kommerziell Acteuren notzen aktuell  fir hire Produktiounsprozess oder fir hiere Produit selwer Grondwaasser oder Uewerflächewaasser a wéi eng Kapazitéite sinn hinnen accordéiert ginn? No wéi enge Krittären entscheet den zoustännege Ministere am Fall vun enger neier Ufro ob an ënner wat fir Konditioune eng Geneemegung ausgeschwat gëtt? Ass d Waasser wat vu kommerziellen Acteure genotzt gëtt gratis bzw. wéi ginn d Fraise berechent? Ginn des Geneemegunge reegelméisseg nei bewäert a wéi eng Kapazitéiten a wéi eng Konditioune sinn der Mark Lodyss accordéiert ginn?

Dëst sinn d Froen aus dem offizielle Bréif (Versioun an den Downloads) di de Mouvement Ecologique, wéinst der héich aktueller Problematik vum kommerzielle Waasserverbrauch zu Lëtzebuerg, un d‘Carole Dieschbourg stellt.