Gemeindepolitik
  • Print Friendly


Formatioun: #méiwéionkraut – wëll Stadbewunner a Ritze-Rebellen

An de Foue vu Pawee an Trottoir, an de Mauerritzen an op de Kisel- a Schotterflächen begéint een se: enger wonnerschéiner Villfalt u wëlle Stadbewunner a Ritze-Rebellen. Si bréngen et fäerdeg – ouni vill Buedem, Närstoffer a Waasser – hei ze wuessen. Schonn eleng dofir verdéngen si Respekt an Opmierksamkeet. Ma dat ass net alles: vill Insekte – wéi Wëllbeien a Päiperleke – sinn op si ugewisen. Vun den Insekte profitéieren d’Vullen, d’Fliedermais, den Igel a Co. Iwwert hier Blieder verdonsten si Waasser a verhënneren, datt eis Stied an Dierfer sech am Summer extrem ophëtzen.

 

„Die Ergebnisse sind sehr ermutigend, gerade was die Wärmeregulierung angeht. Etwas scheinbar Belangloses, wie die Besiedlung der Bodenfugen in einer Stadt, kann also sehr wichtige Ökosystemleistungen bringen. Die Pflänzchen kühlen nicht nur die aufgestaute Hitze, sie halten auch Wasser zurück, speichern CO2 und produzieren Sauerstoff. Sie begünstigen die Artenvielfalt und unterstützen damit die Gesundheit der Menschen in der Stadt. Außerdem »drücken ihre Wurzeln in den Fugen die Steine zusammen, was die Stabilität der Platten erhöht“ Ángel Panero, Architekt des technischen Büros der Stadt Santiago de Compostela.

Bloderkraut (Knoblauchrauke), Hongerblimmchen (Hungerblümchen), Wëll Muert (Wilde Möhre), Ieselsfouss (Huflattich), Feierkraut (Weidenröschen), Veronik (Ehrenpreis), Takekraut (Zimbelkraut), Saumiel (Gänsefuss), a Stäfar (Streifenfarn) si just eng kleng Auswiel u Planzen, déi spontan op de – fir eis – onméiglechste Plazen optauchen.

 

Ouni si wären eis Stied an Dierfer plakeg.

Si sinn d’Patina, déi eise Stroossen, Plazen, Wëeer, Häff, Spillplazen, etc … Liewen anhauchen.
Dofir musse mir hinnen awer hiere schwéier erkämpfte Liewensraum zougestoen.
Wa mir si net direkt fortkrazen oder verbrennen, gi mir hinnen d’Chance eis hier faarweg an oft raffinéiert Bléi ze weisen, an d’Déieren déi op si ugewise sinn ze observéieren a kënnen ze léieren. Wa mir eis fir si interesséieren an eis vun hirer Schéinheet, hirem Duerchsetzungsverméigen an hirer extremer Resistenz iwwerrasche loossen, kënne mir eis all Dag un hirem Ubléck erfreeën.

 

#méiwéionkraut

Botaniker a Planzefrënn a ganz Europa maache mat der Campagne #Krautschau #Mehralsunkraut #Morethanweeds #sauvagesdemarue op hier Schéinheet a Vilfalt opmierksam. Andeem si de Numm vun der Planz oder ee flotte Sproch mat Kräid donieft schreiwen, fuerdere si Passanten op stoen ze bleiwen a sech mat dësem Auserneen ze sëtzen. Ganz nom Motto vun dem Haiku:

Ich sah ein „Unkraut“.
Man nannt‘ mir seinen Namen –
nun fand ich es schön.

Hutt Dir Loscht „Krautschau-Ambassadeur ze ginn“ – Loscht an Interessi Iech fir di „onbemierkten“ Biodiversitéit an Ärer Gemeng anzesetzen! Dann ass dës Formatioun richteg fir Iech!

De Mouvement Ecologique bitt eng Formatioun un, fir all déi Leit, déi Loscht hätten d’Spontanvégétatioun an hirer Gemeng kennen ze léieren an anere Leit méi no ze bréngen.

Dir léiert de Liewensraum vun de Fouen, Mauerritzen a Schotterflächen a seng planzlech Bewunner kënnen.

Dat an 3-4 Owesveranstaltungen vun ca. 1h ënnert der Woch.

Dës Formatioun ass dann eng gutt Basis, fir a senger Gemeng esou en Tour ze organiséieren. A vläicht packe mir et och e gemeinsamen Tour a verschiddene Gemengen op d’Been ze stellen.

Wéi eng Viraussetzunge gi gebraucht?

Et si keng fachlech Virkenntnesser néideg! Just Interessi un dëser mi onbemierkter Vegetatioun a Loscht drun, déi och anere Leit méi no ze bréngen.

D’Formatioun ass mam Biolog an Naturschützer Roger Schauls.

 

Wéini a wou?

(Oppassen! Den Datum ass verréckelt ginn.)

Méindeg den 10. Juli um 18h00 am Pafendall

Mëttwoch den 12. Juli um 18h00 am Pafendall

 

Sollt Dir déi Deeg keng Zäit hunn, sot eis Bescheed. Mir kucken dee Moment wéi mir Iech awer mat abanne kënnen.

Interessi? Da mëllt Iech via natur@oeko.lu oder Telefon 439030-1.

 

26.05.23