• Print Friendly


Die nachhaltige Entwicklung in den Wahlprogrammen der Parteien. Eine Analyse des Mouvement Ecologique anlässlich der Nationalwahlen 2018

Fir d’Nationalwale vum 14.Oktober 2018 huet de Mouvement Ecologique, net wéi soss emol Froen un d’Parteie gestallt, mee hier Walprogrammer aus der Siicht vun der nohalteger Entwécklung analyséiert a kommentéiert. Dëst a Beräicher, wou mir als Mouvement aktiv sinn: z.B. wat de Wuesstem, d’Mobilitéit, de Naturschutz…. ubelaangt.

Et weist sech, datt et wichteg Ennerscheeder bei enger Rei vun Themen tëschent de Parteie gëtt.

Duerfir: kuckt eran an eist Dokument (an den Downloads) loosst Iech inspiréiere fir Aere Choix um Walsonndeg!

D’Votum Klima, e Netzwierk vun 24 ONGen an deem de Mouvement Ecologique och ganz engagéiert ass, huet eng Tabell ausgeschafft déi weist wéi wäit déi vereenzelt Walprogrammer vun de Parteien,  de Fuerderunge vu Votum Klima am Beräich Klima an Energie, Rechnung droen. Dir fannt dës Tabell esou wéi de Pressecommuniqué an den Downloads.