Internationales
  • Print Friendly


D‘Erwaardungen un d‘EU-Présidence vu Lëtzebuerg – wat seet „Friends of the Earth“, eis europäesch Partnerorganisatioun?

De Mouvement Ecologique lued seng Memberen häerzlech an op eng Informatiounsversammlung

D‘Erwaardungen un d‘EU-Présidence vu Lëtzebuerg
– wat seet „Friends of the Earth“, eis europäesch Partnerorganisatioun?

en Donneschden, 20. November 2014 um 18.00 am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, 2663 Lëtzebuerg/Pafendall

De Mouvement Ecologique ass déi Lëtzebuerger Sektioun vu «Friends of the Earth». Mat der EU-Présidence 2015 steet och e wichtegen Ablack fir d’Aarbecht zu Lëtzebuerg un: Wat sinn aus der Siicht vun der nohalteger Entwécklung déi Haapterausfuerderungen vun der EU-Présidence? Wéi eng Akzenter fënnt FoE datt musse gesat ginn? Wat kéint / sollt e Mouvement Ecologique an interesséiert Bierger zu Lëtzebuerg ureegen an akloen?

Den David Heller – Network Development Coordinator vu Friends of the Earth Europe – wäert ee fir all Interesséierten verständlechen Astieg an den Thema maachen an des Défis’en duerleeën. Des Reunioun ass och eng Preparatioun op evtentuell Aktioune vum Mouvement Ecologique. Falls Iech deemno generell den Thema interesséiert an / oder Dir zeguer vläit wéilt mat aktiv ginn am Mouvement, da kommt laanscht !

De Vertrieder vun FoE schwätzt op englesch, ma natierlech ass et méiglech vun Zäit zu Zäit kuerz ze iwwersetzen, wann eppes net kloer ass. Froen kënnen op Lëtzebuergesch gestallt ginn, mir iwwersetzen.

Avis aux amatrices et amateurs.