Nachhaltige Entwicklung
  • Print Friendly


De Bëschkribbelchen – Een Theaterstéck fir d’Biodiversitéit

D’Kanner aus dem Cycle 3.2 vun Dol (Gemeng Géisdref) hunn Enn Juni zu engem Theaterstéck invitéiert, un deem si dat ganzt Joer iwwert geschafft hunn: De Bëschkribbelchen.

 

D’Geschicht vum Bëschkribbelche verdäitlecht, datt mir Mënschen net eleng op dësem Planéit doheem sinn, ma datt mir e mat villen aneren Déieren deelen. Fuuss, Wollef, Vullen, Biber, Fësch, Päiperlecken, Fliedermais, a ganz vill aner Déieren, déi deelweis och esou rar sinn, dat mir se nach guer net kenne – wéi z.B. de Bëschkribbelchen.

 

Iwwert d’Geschicht, déi d‘Kanner selwer mat vill Witz a Wouerecht geschriwwen  hunn, an iwwert flott selwer gebastelt Poppen erzielen, erkennt de Public, datt déi Déieren och Platz brauche fir a Rou ze liewen – Propper Loft, proppere Buedem, proppert Waasser an eng Vilfalt u Plazen, déi Basis vun der Narungsketten duerstellt.

 

Och datt dës „Schutzgebidder“ matenee verbonne musse sinn, fir datt Déieren sech austausche kënnen, weist dem Bëschkribbelchen seng Geschicht. Deen mengt nämlech ganz laang, datt hien dee leschte vu senger Aart wier, bis datt en um Enn vum Theaterstéck weider Aartgenossen op enger ganz ofgeleeëner Platz entdeckt.

 

Een immens flotte Projet, deen och vum Naturpark Uewersauer begleet ginn ass, an an deem Kader och een Igel-Hotel, esou wéi een Insektenhotel zesumme mat de Kanner gebaut gi sinn.

 

Den Entrée fir d’Theaterstéck war gratis, ma d’Klass huet fir een Don fir de Kéiseker opgeruff. Esou si 620,00 € zesummekomm, déi d’Klass un de Mouvement Ecologique gespent huet.

 

Mir soen de Kanner an der Joffer vun dem Cycle 3.2 villmools Merci fir dëse flotte Projet an hire generéisen Don.

 

Fir Merci ze soen, hu mir der Klass eng beiefrëndlech Staud ouni Pestiziden (Pépinière Kintzelé) iwwerreecht, déi de Wëllbeien – déi sech hoffentlech geschwënn am neien Insektenhotel usidelen, vill Nektar a Polle bitt.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

18.07.2023