Cours fir Passionéierter vum Geméisgaart: No Dig Geméisubau

Karte nicht verfügbar

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 20/05/2024 - 23/06/2024
00:00

#_EV_CATEGORIES


Effizient Geméis ubauen ouni de Buedem ëmzegruewen, wéi geet dat?

 

Dir wëllt ufänken äert eegent Geméis unzebauen oder baut scho Geméis un a wëllt wësse wéi dat méiglechst einfach an effikass geet – op natierlech Aart a Weis a selbstverständlech ouni chemesch Dünger a Pestiziden?

 

An engem neie Cours deen de Mouvement Ecologique zesumme mam der Fondation Oekofonds organiséiert, ginn net nëmmen d’Grondlage vum Geméisubau mat ville prakteschen Tipps an Tricks vermëttelt, mee Dir léiert wéi dëst geet ouni de Buedem ëmzegruewen – vum Som op den Teller. De Buedem net ëmzegruewen ass nämlech net nëmmen immens schounend fir de Réck, mee virun allem respektéiert et de Buedem als Grondlag fir gesond a resistent Planzen, et suergt fir manner Onkraut a méi Waasser an den dréchene Perioden.

 

  • Wat ass No Dig, also Geméisubau ouni ëmzegruewen a wéi ginn ech do vir? Op wat muss ech heibäi oppassen?
  • Wat huet dëst fir Virdeeler op meng Aarbecht am Gaart? Wat huet et fir Virdeeler op de Buedemökosystem, op meng Planzen, d’Waasser a Närstoffversuergung? Wat bréngt des Method an engem ëmmer méi onstabille Klima?
  • Wéi kann ech doheem meng eege Planze virzéien?
  • Wéi organiséieren ech mäi Gaart – och esou dat e bal ni eidel ass?

 

De Cours riicht sech un all Hobbygäertner deen e Stéckchen Terrain huet – egal wéi eng Gréisst, op Virgäertchen oder Feld – a seriö Loscht drop huet sech selwer oder en Deel vu sengem Ëmfeld mat eegenem Geméis ze versuergen. En ass fir jiddereen, dee wëllt léiere méiglechst buedemschounend an esouguer buedemopbauend, Aarbechts- a Waasserspuerend a mat positivem Impakt op d’Biodiversitéit innerhalb der exploitéierter Fläch unzebauen.

 

No Ofschloss vum Cours sollt et all Participant méiglech sinn:

  • E Verständnis iwwert d’Wichtegkeet an d‘Natur vum Buedem ze kréien.
  • E Verständnis vun de saisonalen Ëmweltbedingungen am Zesummenhang vum produzéierte Geméis ze kréien. (Basis vun all Permakulturgedanken)
  • Säi Gaart ze organiséieren an e simpele Kulturplang op d’Been ze stellen.
  • Eng gewëssen Unzuel an Typpe vu Jongplanzen ze zillen an dës Kulturen och mat Succès unzebauen an ze pfleegen.
  • Mat manner Aarbecht a méi Freed, méi a bessert Geméis ze recoltéieren ewéi virdrun.

 

De Cours gëtt ugebuede vum Max Epstein (MSc Botanik) a Claude Petit (MSc Agrarwëssenschaft), d’Matbegrënner a Leeder vum Krautgaart zu Stengefort – e Geméisbaubetrib deen zanter 2016 ouni de Buedem ëmzegruewen eng grouss Villfalt u Geméis ubaut. E fënnt zum groussen Deel am Krautgaart zu Stengefort statt.

 

Zäitraum: Okt/Nov 2024 – Okt/Nov 2025

Format: Workshops an theoretesch Sessioune (Powerpoint)

Location: Krautgaart Stengefort / Oekozenter Pafendall

Sprooch: primär Lëtzebuergesch.

Präis: 180.-  Euro fir Membere vum Mouvement Ecologique / 230 fir Nët-Memberen

 

Oflaf

  1. Oktober 2024 (Oekozenter/Theorie): Wéi starten ech en NoDig Gaart? Wat brauch ech (net)? Wéi eng Virdeeler hunn ech (huet de Buedem)? Firwat ass dat méi ökologesch? Wat ass e Kulturplang? Wat ass mäin Zil/Kontext? 4 Stonnen (mat Paus)
  2. Enn Februar/Ufank Mäerz 2025: Workshop (@Krautgaart Stengefort) Wéi starten ech meng Saison? Introductioun zur Planzenunzuucht (Wéini maache mer wat a wéi?), Organisatioun vu senge Moyen’en, Preview vun der Gaardesaison (Iwwersiicht vun den Ëmweltbedingungen: Daagesliicht, Temperatur, Waasser, Weeds, Pests) 5 Stonnen (10.00 – 15.00 Auer, 1 Stonn Mëtteg / Picknick matbréngen)
  3. Mëtt Abrëll 2025: Workshop (@Krautgaart) Verdéiwung vu Planzenunzuucht, wat huet geklappt/wat net? Strategie fir Summer-/Rekoltsaison a Folgekulturen, clever Methoden, Tipps an Tricks fir Efficacitéit an Aarbecht ze spueren. 5 Stonnen  (10.00 – 15.00 Auer, 1 Stonn Mëtteg / Picknick matbréngen)
  4. Mëtt/Enn Mee 2025: Summperplanzungen, Maintenance vu Summerkulturen, Anti-Pest Strategien, Waassermanagement (…) 5 Stonne (10.00 – 15.00 Auer, 1 Stonn Mëtteg / Picknick matbréngen)
  5. Ufank Juli 2025: Follow-up éischt Recolten, wat huet geklappt/wat net? Wéi verhält sech de Buedem, wat sinn är Beobachtungen?  Sënnvoll Methode fir d’Biodiversitéit a Produktivitéit am Gaart ze boosten. Maintenance vu Summerkulturen. Anti-Pest Strategien. 5 Stonnen  (10.00 – 15.00 Auer, 1 Stonn Mëtteg / Picknick matbréngen)

 

Mat de Participanten gëtt geschwat, ob Sessiounen 4 a 5 zesummegeschloe ginn oder net

 

  1. Hierscht 2025: Theorie an open (offen) Diskussioun (@ Oekozenter) Overall Recap, Preparatioune fir de Wanter a Saison 2026, Verdéiwung Kulturplang. 4 Stonnen ( mat Paus)

 

Aschreiwung fir de Coursnatur@oeko.lu