• Print Friendly


Studente gesicht am Oekosoph fir de Summer!

Och am Summer wäert d’Oekosophs-Equipe do sinn fir Iech.

Wéinst der flotter Terrass brauche mer wärend der Vakanzenzäit awer Verstärkung. Ausserdem maache mäer deelweis och e bësse Vakanz…

Mäer siche Studenten, déi Loscht hu Mëttwochs an Donneschdes ze hëllefen. Virun allem déi läscht 2 Wochen Juli an de ganzen August.

Wann der also Loscht hutt fir eng Studentepei ze zerwéieren (an och wuel bëssen Drénkgeld), flexibel sidd, Mëttwochs an Donneschdes vun 17 h bis 23 h disponibel sidd an en Transportmëttel hutt fir heem, da mëllt iech.

Et ass ëmmer op d’mannst ee vun eiser fräiwëlleger Equipe do, deen iech encadréiert.

Interesséierter solle sech elo melle bei: 439030-1; meco@oeko.lu.