• Print Friendly


Nohalteg Bëschgestioun

Besch_AtterttalDe Mouvement Ecologique ass Member an  «FSC-Lëtzebuerg». Duefir luede mir mat ann op des Veranstaltung vun FSC Lëtzebuerg

de Meinden, den 12. Mee ab 17.00 am Chalet du Gréngewald bei Eisenborn

Um Programm steet:

  • 17 Auer: De Christian Bremer, Fieschter am Gréngewald, stellt an enger Visite guidée d’FSC- Bewirtschaftung um Beispill Gréngewald fiir. Eng gutt Geleenheet am Kader vun enger flotter Visite méi vun dëser ekologescher Bëschgestioun gewuer ze ginn;
  • 18.30 Auer:  Vitrag vum Edmond Decker, Archiktekt zum Thema “Vum Holz eleng kann de Mënsch net liewen (fräi no Matteus), mee mat nohaltegem Emgang mam Holz lieft hie besser.”

Dono ass d’Generalversammlung vun FSC.Lëtzebuerg, un däer och all Interesséierten deelhuele kann. Umëlle kënnt Dir Iech via email: fsclux@pt.luoder Tel. 26393391.