Landesplanung – Urbanismus
  • Print Friendly


Fledermäuse und Baumscheiben: Neues aus der Regionale Mersch

Ganz gelungene Fledermauswanderung

Am 16. September nahmen zahlreiche Personen an einer sehr anregenden Wanderung zum ThemaFledermäuse statt. Hier konnte man vom Spezialisten mehr über das so interessante Lebewesen
„Fledermäuse“ und ihre Ansprüche erfahren. Warum es sich lohnt, dieses so besonder Tier zu schützen, war natürlich auch ein Thema der Wanderung.

 

Méi gréngs an eise Stied an Dierfer

Gitt och Dir Pätter/Giedel vun enger Bamscheiw zu Miersch oder an Ärer Gemeng

Op Initiativ vun der Regional Miersch an Ëmgéigend an Zesummenaarbecht mam Oekozenter ass et elo och méiglech an der Gemeng Miersch eng Bamscheiwe-Patenschaft ze iwwerhuelen. D’Gemeng huet dat awer momentan just op 2 Stroosse limitéiert (Rue Dr Willy Thinnes an Op der Hatzgriecht).

 

Wann Dir Interessi hutt, fir esou eng Bamscheiwe-Patenschaft ze iwwerhuelen, da kontaktéiert d‘Gemeng.

 

Wann Dir an enger anerer Strooss zu Miersch oder an enger anerer Gemeng wunnt, an och gären eng Bamscheiwe-Patenschaft iwwerhuele wëllt, da maacht roueg och eng Demande – un d´Gemeng
Miersch oder un är Gemeng – fir datt de Programm méi bekannt an erweidert ka ginn. E puer Gemengen am Land hu schonn en ähnleche Programm agefouert.

 

Eng Virlag fir esou eng Demande fannt Dir op www.naturelo.meco.lu an
den Downloads ënnert „Bréifmodell“.

Beispill: Bamscheiwen an der rue Vauban am Pafendall

Den Oekozenter Pafendall an de Mouvement Ecologique hu selwer 2021 eng Patenschaft vun dräi Bamscheiwe virun dem Oekozenter iwwerholl,. dëst zesumme mat der Transitioun Uelzechtdall asbl
an der Canopé Production asbl.

D’Bamscheiwe goufe gréisstendeels mam „Wëllplanzesom Lëtzebuerg“ ageséit a punktuell mat Zierstauden ergänzt. Iwwert d’Joeren an d’Méint verännert sech d’Planzenzesummesëtzung ëmmer
neess, sou datt et ëmmer eppes Neies ze entdeécke gëtt an d’Stroossebild méi frëndlech an interessant gëtt.

 

 

Gutt Resistenz géint d’Drëschend

Och wann d’Blummewiss am Juni 2023 staark ënnert der laanger Drëschend gelidden huet, sou huet si sech no dem Reen Enn Juli – Ufank August nees gutt erhol an hat säfteg gréng gestrahlt an hat vill Bléie fir Beie a Päiperleken, wéi d‘Foto weist.