• Print Friendly


Oekosoph am Pafendall – de Bistro vum Mouvement Ecologique

Elo wou mäer eis ageliewt hunn, bidd den Oekosoph niewent der gemittlecher Atmosphère mat Iessem a Gedrénks ab Oktober en Programm mat Spill- a Muséksowender.

Fir Kaartefrënn an déi wou et wëlle ginn!

Mëttwochs owes ass besonnsech flott fir all déi Leit, wou Loscht hunn op Gesellschaftsspiller. All Kéier steet dobäi ee Spill besonnesch am Fokus (ma natierlech ka jiddere spille wat e wëll, et sti genuch Spiller zur Auswiel):

Déi 2 éischte Kéiere sti speziell Kaarten am Fokus

  • de Mëttwoch, den 14. Oktober steet Tarot um Programm, ab 19.30
  • an de Mëttwoch, den 21. Oktober Belotte, ab 17.00

Duerfir: Spillt Dir déi Spiller schonn ? Sicht awer Matspiller?

Da sidd Dir genau richteg… Wëllt Dir déi Spiller emol léieren? Da kommt laanscht: Dir gitt vun Kuartespiller agefouert!

 

Piano-Owend mam Daniel Schweitzer

Freideg, den 30. Oktober kënnt d’Musek net nëmme vum Band.  Tëscht 20.00 an 22.00 ass den Daniel Schweitzer um Piano (key board). Hie spillt bekannte Klassiker an och Lëtzebuerger Lidder.