• Print Friendly


Flott naturkundlech Visite vum Stroumbierg!

Sonndes, den 2. Juli 2017 um 14.30, Start beim Europahaus Schengen

Trëppeltour duerch Schengen, Wanderung op an um Stroumbierg mat Erklärungen zum Wandel vun der Landschaft an den verännerten Uspréch vun de Leit.

D’Zesummenhäng tëscht Geologie, Landschaftsform, Klima an der Notzung vun de Ressourcen am Laaf vun der Zäit wäerten dobäi zentral Theme sinn.

Loosst Iech verféieren vun dëser besonnesch flotter Landschaft.

Dauer: 2 Stonnen – Guide: Roger Schauls.