• Print Friendly


Den Oekosoph mëscht seng Dieren op! De 5. Juni um 17.30 Auer am Oekozenter Pafendall

OEKOSOPH_VERTKommt laanscht op der Ouverture

De Freiden, 5. Juni ass et esou wäit: de neie Bistro vum Mouvement Ecologique, den Oekosoph mëscht seng Dieren op!

 

Eng Equipe vun éierenamtlech engagéierte Leit vum Mouvement Ecologique Iech all Mëttwoch a Freiden vu 15.00 – 23.00 zerwéieren.

Gebuede gëtt: e flotte Kader, mat Terrass – vun Zäit zu Zäit Veranstaltungen (Musek, Cabaret, Kachowender…) – mat engem Fokus op Gesellschaftsspiller Mëttwochs owes….

Kommt laanscht kucken a sot et weider!

De Freiden, de 5. Juni ass di «offiziell Ouverture» zu där Dir häerzlech ageluede sidd! 

Et gëtt e Patt a Fräibéier bis d’Faass eidel ass (Simon-Bio) an – nieft dem «offiziellen Deel» spontan musikalesch a kënschtleresch Intermezzo’en.