• Print Friendly


„Bio-Hunneg aus dem Pafendall“

affiche Hunneg_hp 2017Dëst Joer konnten d’Beien, déi hannert dem Oekozenter bei der Uelzecht logéiert waren, vun Ufank Juni u fläisseg Nektar sammelen. Ënn Juli konnt e gudden an aromateschen Hunneg geschleidert ginn, deen elo mat enger Mëschung mat Kënzeger Bio-Hunneg ze kafen ass.
Dir kritt dësen Hunneg an 250 g Glieser am Oekozenter Pafendall oder am Oekosoph fir de Präis vun 3.40 €.