E satireschen-kulinareschen Réckbléck op de Mount

Lade Karte ...

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 05/11/2014
19:30

#_EV_LOCATION
Oekozenter Pafendall

#_EV_CATEGORIES


gelhausen rol pafendallNo dem Succès vum éischten Owend am Juli riskéiert de Roland Gelhausen e Bléck op de Mount Oktober. Kommt a lauschtert wéi hien all eenzelnen Dag vum Oktober erlieft huet. An dat wat en zielt ass net aus der Loft gegraff, mä hien huet se sou erlieft. D’Noriichten déi e kommentéiert si reell. Heiansdo ass awer sécherlech seng Fantasie mat em duerch gaangen a seng satiresch a sarkastesch Oder huet sech geleeëntlech och alt emol breet gemaach. Wat de Mount Oktober alles un Iessbarem ervir bruecht huet, dat bréngt d’Lydie mat senger Kachequipe mat e bessje Fingerfood deen Owend op den Dësch.
Well nëmmen eng begrenzten Zuel vu Leit méiglech ass a wéinst den Häppecher, ass eng Umeldung noutwendeg.
Entrée: 15 € fir Memberen – 18 € fir Net-Memberen. Bezuelt gëtt an der Oweskeess. Déi éischt si fir! Umelle iwwer meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1.