• Print Friendly


Vu – Bis Wann dat alt riicht ausgeet!

AUSVERKAAFT !!!

De Mouvement Ecologique an den Oekosoph lueden häerzlech an op eng kabarettistesch Liesung


Vu – Bis   Wann dat alt riicht ausgeet!

nom 1. Deel am Fréijoer kënnt dann elo d’Fortsetzung 

Sonndes, den 22. Oktober 2017 um 17.00 (mat Fingerfood)
Freides, den 27. Oktober 2017 um 19.30
am Oekosoph, 6, rue Vauban, Luxembourg

vun a mam Rol Gelhausen

Et geet vun aktuelle politeschen Themen bis bei al, awer schonn nees aktuell Geschichten, vu sozial a kritesch bis kritesch awer sozial, vu Réckbléck op dat wat eis déi lescht Zäit beweegt huet bis bei Prognosen wat eis nach erwaart. Vu satieresche Versen iwwert zynesch Prosa Texter bis zu skurille Kuerzgeschichten. An dat alles vu Witzeg bis Eescht.

Dës Liesung sollt wa méiglech Emotioune ervir ruffen déi vu Schmunzelen iwwert Laachen bis zum kräische goe kënnen.

Begleet gëtt dat Ganzt vun engem Museker. An dat geet Vu Christophe Reitz bis bei Paul Dahm.

E Programm fir jiddereen: Vu Jonk bis al.

Umelle kënn der iech Vun elo bis den 20. Oktober 11.00 Auer resp. den 25. Oktober via Telefon 439030-1 oder via email: meco@oeko.lu.

Präis:

Sonndes, mat Fingerfood (Oppassen, dat si 5 Häppecher, fir ze schmaachen, ersetzt keen Owesiessen): 25 Euro fir Memberen, 28 Euro fir Net-Memberen
Freides, ouni Fingerfood: 18 Euro fir Memberen an 20 fir Net-Memberen