• Print Friendly


Opruff fir Mathëllef an engem flotte Projet – dem Oekosoph

Zënter engem knappe Mount funktionnéiert de Bistro Oekosoph vum Mouvement Ecologique.

oekosoph innenEt ass wéi gehofft: flott Atmosphäre, relax Gespréicher, gemittlech Stëmmung, och op der Terrass.

De Bistro gëtt jo geleet vun éirenamtleche Leit vum Mouvement Ecologique…. An et wär flott a wichteg, wann nach e puer Leit géifen an de Grupp derbäi kommen.

 

Wat gëtt gefrot:

  • Mathëllef 1-2 mol de Mount am Bistro, sief et “d’Mëttesschicht” vu 14.30 bis 18.30, oder d’Owesschicht vun 18.00 – 23.00
  • Loscht um Matschaffen an der Equipe

Wat gëtt gebueden:

  • Eng flott Equipe
  • Eng mënschlech beräichernd Erfahrung.

Hutt Dir Interessi? Weider Froen? Da maacht eis e klenge Mail: mäer mellen eis direkt bei Iech: oekosoph@oeko.lu. Oder schwätzt eis direkt am Oekosoph un….