• Print Friendly


Oekofestival am Pafendall 22. an 23. September 2017

No 29 Joer gëtt et keng Oekofoire méi, mee duerfir elo en Oekofestival, wou mir déi flott Elementer vun der Foire bäibehalen: Leit zesummebréngen, Zukunftsiddie presentéieren, politesch Rentrée alauden a villes méi.

An dat esouwuel am Oekozenter Pafendall, wéi och ronderëm am esou idyllesche Quartier, laanscht d’Uelzecht an am « Park Odendahl ».

De Programm ass ganz villfälteg:

  • Cabaret: Politesche Cabaret mam Jay Schiltz – Lëtzebuerger Fräiheetslidder eng musikalesch-politesch Rees duerch d’Lëtzebuerger Geschicht – “Alles andere ist primär“ – Kabarett mam Rolf Miller.   Reservéiert w.e.g. Är Plazen fir de Rolf Miller bis den 20. September. Virverkaf 20 €, Oweskees 25 €. Tel 439030-1 oder meco@oeko.lu. Plaze sinn limitéiert.  Detailler 
  • Diskussiounsforen zu aktuellen Themen: D’Iddi vum Grondakommes: wat stécht hannert der Iddi? – Ausweeër aus der Wuesstemsfal fir Lëtzebuerg? – Solidaresch Landwirtschaft: E neie Wee fir de Bauer an de Konsument? – Nei participativ Wunnformen: och zu Lëtzebuerg? Detailler
  • Musek a Poetry: Christoph Reitz – The Disliked – Klein – Poetry Slam – Bartleby Delicate – Zwischen Jazz und Chansons (Philippe David, Michele Ciccone, Rom Heck). Detailler
  • Guidéiert Visitten: Entdeckung vum „Aquatunnel Pfaffenthal-Péitrussdall“ – Dauwenzuucht … eng spannend Aktivitéit- Renaturéierung vun der Péitruss: Wat genau ass geplangt? – Geschicht a Geschichten aus dem Pafendall – Move.Konsumtour & move.approved – De Pafendaller Lift, e Quantesprong – Visitte vum Site Mansfeld a vun der…. – “Waasser op ons Millen” Detailler
  • Animatioun fir Grouss a Kléng: Oeko-Parcours mam Atelier Zeralda – Takeawaytheater: en e besjen aneren Tour duerch de Pafendall – Powershow mam Georges Christen – Ronderëm eng Téitaass: Erzielspektakel fir Kanner – Siebdruckatelier – Info an Atelier zum Thema Upcycling Detailler
  • Informatiounsstänn vun ONGen, Kooperativen, e.a: Adhoc, Bio Lëtzebuerg – Vereenegung fir Bio-Landwirtschaft Lëtzebuerg asbl., CELL, Centre Européen des Consommateurs Luxembourg, CIGL Walferdange asbl – CREACTION, Initiativ fir bedéngungslost Grondakommes, Klima-Bündnis Lëtzebuerg, Krautgaart, LVI – Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ asbl., Life asbl & Life CoopProjet, Mouvement Ecologique asbl., move., natur & ëmwelt asbl., Ouni, SuperDrecksKëscht …  Detailler
  • Chilleck vu move., der Jugendbeweegung am Mouvement Ecologique
  • Virstellung vun der Oekobib, der Mediathéik vum Oekozenter Pafendall iwwert Ëmwelt, Nohaltegkeet, Biergerbedeelegung an aner Zukunftsfroen
  • Mënsch, Natur a Konscht: e Konschtforum mat Ben Goerens, Robert Granelle, Katarzyna Kot, Eleonora Pasti an Anneke Walch. Detailler
  • Bio-Restauratioun: Paella (och vegetaresch), Hamburger, vegetarisch Wrap‘en, Grillwurscht, Leckereien ronderëm de Paangech, extra Mëttegiessen Samschdes, fir dat eng Umeldung erwënscht ass … a méi. Detailler

Déi offiziell Ouverture ass Freides, den 22. September 2017 um 16.30, mat Riede vum Nohaltegkeetsminister François Bausch an der Presidentin vum Mouvement Ecologique, Blanche Weber.

Den Entrée ass gratis (ausser dem Cabaret mam Rolf Miller).

Den Oekofestival ass Freides, den 22. September vun 16.00 – open end a Samschdes, den 23. September vun 11.00 – open end.

Weider Infoen, méi genau Beschreiwungen zu de Veranstaltungen, den Extra Plat vu Samschdes Mëttes (Reservéierung erwënscht) fannt Dir op www.meco.lu

Rendezvous: Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Lëtzebuerg… mat engem besonnesch gudden Accès mam Lift!

Weebeschreiwung: Bus AVL No 23 Arrêt Vauban oder Parking Glacis – Panoramalift–> Pafendall. Am Pafendall sti keng Parkplazen zur Verfügung.

Den Oekofestival gëtt organiséiert mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen an der Stad Lëtzebuerg
„powered by Oekofonds“

 

Den Iwwerbléck vum Programm (Den detaillierte Programm fand Dir am Download)

Oekofestival_Programme_25082017.indd