• Print Friendly


27. a 28. Februar E Réckbléck am Fridden op 2016

Samschdes, de 27. um 19.30 a Sonndes, den 28. Februar um 17.00 Auer.

 

Nodeem de Roll Gelhausen a Jay Schiltz 2015 regelmässeg op «Réckblécker op de Mount» agelueden hunn, steet elo am Februar een e besjen aneren «Réckbléck» un. Si kucken zréck op e friddlechen Joresufank a kommentéieren dien wi folgt:

„Hoffentlech. Et weess ee jo ni. Et sollt een awer dovunner ausgoen datt mer dann nach ëmmer a Fridde liewen. Wéinstens emol hei zu Lëtzebuerg. Mä d’Joer 2016 huet bis dohinner jo mol nach keng 2 Méint um Bockel. Soss an der Welt wäerten dann awer sécher, nach ëmmer a schonn nees, genuch Kricher hier Onwiesen dreiwen. Leider.“

Kommt a lauschtert wéi de Jay an de Roll versichen Krich a Fridden ironesch a sarkastesch esou ze beliichten datt et net fir ze kräischen ass. Oder datt héchstens deem blöde Krich d’Laachen am Hals stieche bleift datt en drun erstéckt.

Samschdes, 19.30, Entrée: 15 Euro (ouni Fingerfood)

Sonndes, 17.00, mat Fingerfood, Entrée: 20 Euro (25 fir Nët-Memberen, mat Fingerfood).

Plaze si begrenzt! Eng Umeldung ass néideg iwwer meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1. Déi éischt si vir!