Nëmmen fir eis Memberen: Jores-Ofschlossfeier mat de Makadammen an hierem Programm „Turlatäin“

Chargement de la carte…

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 21/12/2016
19:30 - 23:00

#_EV_LOCATION
Oekosoph Pafendall

#_EV_CATEGORIES

No Categories

De Mouvement Ecologique lued seng Memberen häerzlech an op seng traditionell Chrëschtfeier mat de Makadammen an hierem Programm « Turlatäin »: e Mëttwoch, den 21. Dezember um 19.30 Auer am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, L-2663 Luxembourg

E ronne Gebuertsdag steet an d’Haus. Gefeiert gëtt en «toute intimité», am engste Familjekrees. Eng gutt Geleeënheet fir sech erëm ze gesinn, a sech esou ze gi wéi ee wierklech ass. Et gesäit jo keen et. Et ass ee jo ënnert sech. A wat an der Famill geschitt, geet déi aner näischt un. Et gëtt debatéiert, philosophéiert, beschass , gestridden, gelaacht , gesongen an et ass een ëmmer erëm iwwerrascht iwwert deem anere seng Naupen a Gewunnechten, obschonns ee gemengt huet, et géif een déi besser kenne wéi seng eege Boxentäsch, jee…….en Turlatäin ouni Enn.

Präiss vum Owend: 25.- Euro (Kabaret mat Kéisteller). D’Plaze si begrenzt! Duefir: déi eischt si fir: Umelle kann een sech iwwert: Tel: 439030-1, oder meco@oeko.lu bis spéitestens den 15. Dezember!
Méi Detailer op www.meco.lu