• Print Friendly


Nëmmen fir eis Memberen: Jores-Ofschlossfeier mat de Makadammen an hierem Programm „Turlatäin“

De Mouvement Ecologique lued seng Memberen häerzlech an op seng traditionell Jores-Ofschlossfeier mat de Makadammen an hierem Programm „Turlatäin“: e Mëttwoch, den 21. Dezember um 19.30 Auer am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, L-2663 Luxembourg

 

E ronne Gebuertsdag steet an d’Haus. Gefeiert gëtt en «toute intimité», am engste Familjekrees. Eng gutt Geleeënheet fir sech erëm ze gesinn, a sech esou ze gi wéi ee wierklech ass.  Et gesäit jo keen et. Et ass ee jo ënnert sech. A wat an der Famill geschitt, geet déi aner näischt un. Et gëtt debatéiert, philosophéiert, beschass , gestridden, gelaacht , gesongen an et ass een ëmmer erëm iwwerrascht iwwert deem anere seng Naupen a Gewunnechten, obschonns ee gemengt huet, et géif een déi besser kenne wéi seng eege Boxentäsch, jee…….en Turlatäin ouni Enn.

Präiss vum Owend: 25.- Euro (Kabaret mat Kéisteller). D’Plaze si begrenzt! Duefir: déi eischt si fir: Umelle kann een sech iwwert: Tel: 439030-1, oder meco@oeko.lu bis spéitestens den 15. Dezember!

Affiche Turlatäin_web

Makadammen: Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor;

Musek a musikalesch Begleedung: Netty Glesener;

Texter: Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor;

Regie: Jacqueline Posing-van Dyck;

Dekor: Christian Klein;

Kostümer: Christian Klein an Yvette Engel;

Affiche a Fotoen: Pitt Becker;

Beliichtung an Technik: On Stage Light

Méi Detailer op: www.makadammen.lu