Oekofestival am Pafendall

Chargement de la carte…

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 22/09/2017 - 23/09/2017
16:00 - 23:30

#_EV_LOCATION
Oekozenter Pafendall

#_EV_CATEGORIES


Den Oeko-Festival huet keng kommerziell Stänn, mee huet duerfir awer eng grouss kulturell an Informatiounsoffer:

  • Et ass eng offiziell Ouverture vum Festival mat Rieden an engem Patt Freides, den 22.September ëm 16.30. Et schwätzen de Nohaltegkeetsminister François Bausch an Blanche Weber, Presidentin Mouvement Ecologique.
  • Diskussiounsronnen ronderëm Themen wéi Grondakommes, Finanzéierung Sozialsystem, solidaresch Landwirtschaft a nei Wunnformen
  • eng ganz Rei Visiten an a ronderëm de Pafendall (zum Thema Schlass Mansfeld, Renovatioun vun der Muebelsmillen Beien, Lift, Geschicht vum Quartier…)
  • Konschtausstellung am Parc Odendall an am Oekozenter vun diverse Kënschtler ënnert dem Motto “La nature,la matière et l‘homme”
  • Concert’e mat bekannte Museksgruppen
  • Cabaret, als Extra deen aus der „Anstalt“ bekannten Kabarettist Rolf Miller Samschdes owes um 20.00
  • Poetry Slam
  • Theater an Animatioun fir Kanner
  • Info-Stänn vun enger Rei befrënnten Organisatiounen (déi och op der Oekofoire waren)
  • Natierlech Iessen a Gedrénks.

Rendez-vous deemno :

  • Freides, den 22. September ab 16.00 Auer – mat offizielle Rieden um 16.30 – bis open end an
  • Samschdes, den 23. September vun 11.00 Auer – open end.

Oekofestival_Programme_25082017.indd