• Print Friendly


Sproochecafé am Oekosoph

Loscht Lëtzebuergesch ze schwätzen? Kommt laanscht am Sproochecafé Oekosoph:
Dir verstitt a kënnt e bësselche Lëtzebuergesch,awer nach net wierklech gutt?

Dir wëllt mat Leit Lëtzebuergesch schwätzen a poteren? Da kommt laanscht am Oekosoph!
Et si qualifizéiert Lëtzebuergesch Proffen an aner Leit am Oekosoph, déi Loscht hu sech mat Iech op Lëtzebuergesch auszetauschen.

Ausserdeem fannt Dir eng ganz flott Atmosphäre, Bio-Gedrénks an Häppercher.

Avis aux amateurs, all véierten Mëttwoch am Mount vun 19:00 – 21: 00 Auer (ausser während de Schoulvakanzen).

Adress: 6, rue Vauban, Pafendall an der Stad.