• Print Friendly


Quiz-Owend am Oekosoph: Fuess-Editioun

Dënschden, den 18. Februar 2020 ab 18:00 Auer am Oekosoph, Oekozenter Pafendall
Et ass erëm sou wäit… No vill ze laanger Paus, mellt de „Quiz-Comité“, also eis gutt bekannten Organisateure vum Quiz, sech zréck fir déi 8. Editioun! Am Gepäck hu si eng ganz Réi flott Froen zu den Theme Kärfusioun, Quantephysik, der Erliichtung, oder der éiweger Jugend…awer och sécherlech déi eng oder aner manner onméiglech Fro. Wëssen, Kreativitéit a Fierwez gi wéi ëmmer mat flotter Atmosphär an awer och mat Kaddoe belount.

Opgepasst: De „Quiz-Comité“ wënscht sech verkleete Leit!

Aschreiwe kënnt Dir Iech ab 18.00 Auer sur place am Restaurant/Bistro (3 Euro). Um 19.00 Auer gëtt mam Quiz ugefaang. Duerfir: kommt laanscht, stëbst ee vun de ville flotte Kaddoen of, léiert nei Leit kënnen a verbréngt e flotten Owend.

D‘Iesse gëtt gekacht vum Lou Steichen, dem Restaurateur vum Oekosoph, an zerwéiert vun der gutt bewäerter Oekosophs-Equipe vum Mouvement. Wann Dir deen Owend eppes iesse wëllt, da sot wgl. bis freides de 14. Februar um 12.00 Auer iwwer meco@oeko.lu Bescheed.

Um Menü steet fir 20 Euro: Foccacia mat Dippen fir ze knabberen an als Menü an der Paus: Dem Lou seng bescht Paella vegan oder mat Fleesch.