• Print Friendly


Generalversammlung – Kongress 2020 vum Mouvement Ecologique ofgesot!

Léiw Memberen,

 

Opgrond vun der Corona-Kris ass de Kongress 2020 vum Mouvement Ecologique vum 21. Mäerz 2020 ofgesot. Dir kritt natierlech de neien Datum matgedeelt, esou bal dee ka geplangt ginn.

Den Oekozenter Pafendall ass och bis den 30. Mäerz 2020 zou.

Moies kënnt Dir eis fir wichteg Saachen uruffen um Tel. 439030-1. Dir erreecht eis och via E-mail: meco@oeko.lu

Den Oekosoph mécht owes seng Dieren och zou, mëttes awer organiséiert de Lou e Catering: Take out oder esou wäit et geet och Liwwerservice. Tel. 439030-91. Menüen am bio a vegetaresch / vegan fannt Dir wéi ëmmer op www.oekosoph.lu.

Da sti mir an dësen Zäiten zesummen. A wie weess, villäicht hëlleft dës Kris eis och, eis op aner Wäerter zeréckzebesënnen: eng gewëss Entschleunegung, regional Wirtschaftskrees a méi Mateneen…

 

Merci fir Äert Versteesdemech