• Print Friendly


En/eng Responsabel fir Aktivitéiten a Projetemat Jonken a fir Jonker (m/w 32-40 Stonnen) – CDI

Déi Jonk sollen hiren Alldag an hir Zukunft aktiv matgestalte kënnen. move., d’Jugendorganisatioun vum Mouvement Ecologique sicht

En/eng Responsabel fir Aktivitéiten a Projete mat Jonken a fir Jonker (m/w 32-40 Stonnen) – CDI

Dir

  • hutt Interessi fir Gesellschaft an Ëmwelt
  • sidd dynamesch, hutt Loscht Jonker an hierem Engagement ze begleeden an zesummen aktiv a kreativ ze sinn
  • kënnt Gruppen a Reuniounen, bei Aktivitéiten an a Schoulen moderéieren a motivéieren – Erfarungen an deem Beräich si vu Virdeel
  • kënnt eegestänneg schaffen, hutt Asazbereetschaft a Verantwortungsbewosstsin
  • hutt gutt organisatoresch a redaktionnell (däitsch, franséisch) Fäegkeeten a verstitt Lëtzebuergesch an Englesch

Dës Plaz steet duerfir esouwuel fir en dynameschen a jonke Mënsch mat engem Bachelor Diplom, wéi och fir ausgebilten ErzéierInnen a Leit mat enger sozialwëssenschaftlecher Ausbildung ob. Mir bidden e motivéiert an engagéiert Ëmfeld mat vill Raum fir Eegeninitiativ.

Gitt weg Är Kandidatur mat enger Motivatioun era bis den 1. Dezember 2019 un: meco@oeko.lu; Mouvement Ecologique, 6, rue Vauban, L-2663 Lëtzebuerg