Mobilité
  • Print Friendly


Diskussiounsowender zur Rifkin-Etude

De Mouvement Ecologique luedt an zu 3 Diskussiounsowender zur Rifkin-Etude: „Wat sinn d’Virschléi vun der Rifkin-Etude? Brénge se eist Land weider?“. Dës Etude suergt fir vill Diskussiounen a wäert sécherlech och prägend sinn fir d’Zukunft vun eisem Land. Allerdéngs: net jidderengem sinn d’Detailer vun der Etude bekannt…. Duerfir organiséiert de Mouvement Ecologique des Serie vun Owender.
Eischte RDV as den Donneschden, 6. Abrëll 2017 zum Thema Energie. Referent ass den Tom Eischen (Direction de l’Énergie, Wirtschaftsministère). Rendez-vous ass vun 18.15 – 20.00 am Oekozenter Pafendall, 6 rue Vauban, Lëtzebuerg

Weider Terminer:

« Liewesmëttel, Ernährung, Landwirtschaft » Dënschden, de 25. Abrell 2017
Referenten: Nancy Thomas (Directrice IMS Luxembourg), M. Treinen (Landwirtschaftsministère), Christiane Wickler (Pall Center)

 

« Wéi eng Mobilitéit fir muer? » Méinden, den 8. Mee 2017
Referenten: Marie Sauvignon, Gilles Caspar, Henk van Tuyl (Goodyear), Gilles Caspar (Nohaltegskeetsministère)