• Print Friendly


Kabar Ö – „Total am Bësch” eng kabarettistesch Vue op eng Mouvementéiert Zäit

De klenge Lëtzebuerger Mikrokosmos, “déi do uewen déi decidéieren” – “déi do ënnen déi knadderen”, d’Loscht op Konsum – de Verdross virun der Verännerung vun der Landschaft, Engagement, Atomkraaft, Wirtschaftswuesstem, Politikverdrossenheet: Themen, déi haut ganz aktuell sinn.

Ma wéi war dat virun 10, 20, 30 Joren a méi? Ass haut alles besser? Wat ass muer?

Zum Ulass vum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Écologique huele mir Iech mat op eng kabarettistesch Zäitrees, mat sprëtzegen, interessanten « ale » Nummere vu bekannten oder manner bekannte Kabarettiste bis hin zu e puer neien aktuellen Nummeren. A wie weess, vläicht ass villes wat mer haut soen, guer net esou nei. Oder iren dach?

All eis nohalteg Texter sinn op recycléiertem Pabeier geschriwwen a sämtlech Pointe biologesch ofbaubar.

Et spillen: Alain Adams, Raymond Bertemes, Carole Doffing, Nicole Keiser-Jedrysiak, Irène Zeimes

Mat Texter vun: Alain Adams, Josy Braun, Roland Gelhausen, Jhemp Hoscheit, Josiane Kartheiser, Pir Kremer, Roland Meyer, John Moris, Jay Schiltz, Jemp Schuster

Regie: Clod Thommes

Musek: Paul Dahm a Camille Nanquette

Organisatioun: Mouvement Ecologique asbl.

 

Mat der Ënnerstëtzung vun  

 

 

Eischt Echoen zum KabarÖ:

 

„Super Equipe“, „gutt Regie“, „gelongene Programm“, „Felicitatiounen fir d’Iddie“

 

„De Cabaret ass super!! „

„Esouwuel d’Stécker wéi d’Duersteller waren immens gutt,“

 

„Et war wierklech derwäert an dat huet jidderee gesot mat deem ech geschwat hunn.“

„Ganz gudde Cabaret. Gutt Texter, gutt Akteuren, déi alles ginn hunn. Gitt kucken / lauschteren“

 

 

Toureplang

 

Nächst Datume vum KabarÖ:

 

Donneschden, 4. Abrëll 2019 um 20.00

Centre Culturel Régional opderschmelz, 1a, rue du Centenaire, L-3475 Dudelange

Reservéierung: reservation@meco.lu

Organisatioun: Mouvement Ecologique a seng Regional Süden

 

Donneschden, 25. Abrëll 2019 um 20.00

Centre Culturel Kulturfabrik K116, 116, rue de Luxembourg, L-4221 Esch-sur-Alzette

Oppassen: Anere Präis: desen Owend ass mat Iessen! Präis (Kabarett a Menü): 52  resp. 55 Euro 

Et ginn 2 Platen „au Choix“

Menu 1 : Vegetaresch: „Curry Vert façon Thaï / Tarte aux pommes, boule de glace vanille“ 52 Euro

Menu 2 : „Rôti de Veau Orloff, gratin dauphinois, légumes du moment / Tarte aux pommes, boule de glace vanille“ 55 Euro

Gitt bei der Reservéirung w.e.g. „Menu 1 oder Menu 2“ un.

Reservéierung: reservation@meco.lu

Organisatioun: Mouvement Ecologique a seng Regional Süden

Mir bieden Iech fir speistens um 19.30 do ze sinn, (op ass ab 19.00 Auer). Da geet et lass mam Haaptplat, dann den éischten Deel vum Kabarett, an an der Paus den Dessert.

 

Freideg, 26. Abrëll um 20.00

Opgepasst: Neien Datum!

Dës Virstellung ass vum 27. Abrëll op de 26. Abrëll virverluegt ginn.

Kultursall, Campus Scolaire, L-7339 Steinsel

Reservéierung: reservation@meco.lu

Organisatioun: Mouvement Ecologique a seng Regional Uelzechtdall

 

 

WICHTEG BESTEMMUNGEN FIR D’RESERVATIOUN:

De Präis pro Ticket ass: 20 Euro, 10 Euro fir Studenten an Aarbechtsloser

Reservéiert w.e.g iwwer déi betreffend Email-Adress oder iwwer Tel: 439030-1, wa keng aner Nummer genannt ass.

Dir kritt dann eng Bestätegung vun eis geschéckt.

Falls d’Veranstaltung net ausgebucht ass kritt Dir natierlech och Ticketen an der Oweskees

Dir fannt all Informatiounen derzou hei um Site