Generalversammlung – Kongress 2018
Rapport vum Kongress 2018
Eng liewenswäert Gesellschaft fir muer: 9 Zukunftsureegunge vum Mouvement Ecologique
Aktivitéitsbericht 2017
Reportage Tageblatt 26.03.2018
Reportage Luxemburger Wort 27.03.2018
Reportage Journal 26.03.2018
Reportage Le Quotidien 26.03.2018
De Kongress vum Mouvement Ecologique 2018 war e besonnesch flott a gutt besichten!
Gutt 100 Leit hunn den Dag iwwer drun deelgeholl. Nieft dem statutareschen Deel – Aktivitéitsbericht, Bilan a Budget, Neiwiel vum Verwaltungsrot – gouf am zweeten Deel vum Kongress ausféierlech iwwert den Entworf vum Verwaltungsrot vun enger grondsätzlecher Stellungnahm zu de Nationalwalen diskutéiert.
„Nohalteg Entwécklung an national Walen 2018 : Weidere Wuesstem „à gogo“ oder endlech d’Erausfuerderungen fir d’Zukunft am Fong upaken?“
Dir fannt den Entworf deen dem Kongress presentéiert gouf, hei ënner den Downloads. Ab en Donneschden wärt den iwwerschafften Text verfügbar sinn.
Dir fannt hei och de gutt gefëllten Aktivitéitsbericht vun 2017 an d’Ried vun der Presidentin Blanche Weber, an där virun allem den Thema Wuesstem an a wéi engem Gesellschaftsmodell mir liewe wëllen opgegraff gëtt.
D’Fotoen weisen, wéi gutt besicht a lieweg de Kongress war.