• Print Friendly


Generalversammlung – Kongress 2010 vum Mouvement Ecologique

Download(s)

 Léiwe Member,

Mir lueden Iech heimadder häerzlech an op

d’Generalversammlung – de Kongress 2010 vum Mouvement Ecologique

e Samschden, 20. Mäerz 2010 vu 14.30 – 18.30 Auer

am Festsall vun der Annexe Miersch vum Lycée classique Diekirch, 3, square Marie-Astrid zu Miersch (am Zentrum, direkt vis-à-vis vun der “Méchelsplaz” mat dem alen Tuerm).

Nieft dem statutareschen Deel vum Kongress – Tätegkeetsbericht, Finanzrapport, Neiwiel vum Verwaltungsrot – si mir frou den neie Landwirtschaftsminister Romain Schneider begréissen ze kënnen.

Och wann Dir am Laf vum Joer vläicht net u Projete vum Mouvement Ecologique deelhuelt: Emol d’Joer bitt sech

besonnesch d’Geleeënheet ze weisen, datt Dir hannert «Ärer» Organisatioun stitt. Dës Solidaritéit ass immens wichteg an hëlleft och onse Fuerderunge bei der Politik an an der Ëffentlechkeet deen néidegen Nodrock ze ginn.

Et ass vill méi wéi nëmmen eng Formalitéit. Duerfir: w.e.g. kommt op d’Generalversammlung!

An ausserdeem: se ass ëmmer eng Geleeënheet fir e flotten Austausch mat anere Leit, uregend Diskussiounen an enger produktiver Atmosphère ze hunn.

1. Deel vum Kongress: Statutareschen Deel

  • Begréissung duerch d’Regional Miersch an Emgéigend
  • D’Wuert vun der Presidentin
  • De Bilan a Biller vun den Aktivitéiten am Joer 2009 mat engem Ausbléck an d’Zukunft vu Mouvement Ecologique, OekoZenter Lëtzebuerg, Stëftung Öko-Fonds, Klimabündnis Lëtzebuerg
  • Finanzrapport vum Trésorier a vun de Revisoren – Décharge
  • Décharge vum Verwaltungsrot
  • Neiwiel vun de Memberen vum Verwaltungsrot resp. vun de Keesse-Revisoren;Kandidature ginn nach während der Generalversammlung ugeholl
  • Propositioun vum Verwaltungsrot fir eng Erhéijung vun der Cotisatioun (ab 2011): wéider Infoen derzou am Kéisécker-Info an op der Homepage www.meco.lu (Propose vun der Erhéijung: 50 Euro fir eng eenzel Persoun amplaz 40 Euro, 75 Euro fir en Haushalt amplaz 60 Euro, keng Erhéijung fir Jugendlecher an Aarbechtsloser: Cotisatioun 20 Euro).
  • Motioun
  • Fräi Aussprooch

 

2. Deel: Den neie Landwirtschaftsminister R. Schneider stellt sech de Fuerderungen a Froe vum Mouvement Ecologique

Et ass fir d‘éischt, datt e Landwirtschaftsminister op engem Kongress vum Mouvement Ecologique Ried an Äntwert steet.

Aus ville Grënn ass et positiv, datt dëst méiglech ass:

Fir den Erhalt vun Natur a Landschaft ass eng naturverträglech an nohalteg Landwirtschaft onerlässlech. Eng nach méi staark Integratioun vun Natur- an Emweltschutzaspekten an d’landwirtschaftlech Praxis ass duerfir gerad och am internationale Joer vun der Biodiversitéit e ganz aktuellen

Thema. Klimaschutz brauch och d’Landwirtschaft, wëll eis ablacklech Ernährungsgewunnechte sinn och een Deel vun der Problematik. Erausfuerderungen sinn hei: saisonal a regional Produite förderen a manner Fleesch iessen. Et geet awer och drëm, eng mëttelstänneg Landwirtschaft ze erhalen an ze stäerken, als wichtegen Akteur an eiser Gesellschaft, an der Entwécklung vum ländleche Raum an och am Interessi vun enger regionaler Wirtschaft.

Mir schwätzen duerfir mam Minister e.a. iwwert folgend Themen

  • Biolandbau
  • Landwirtschaft a Klimaschutz / Ernährung
  • Naturschutz a Landwirtschaft
  • Drénkwaasserschutz aus der Siicht vun der Landwirtschaft

Et soll genuch Zeit sinn, datt och jiddfereen am Sall seng Froën / Ureegungen äussere kann.