Save the date: Aluedung op Kabarett
Den 13. Dezember ass d’Ofschlossiesse fir d’Membere vum Mouvement Ecologique am “Centre Culturel” zu Walfer. Et gëtt wéi gewinnt e klenge Maufel an awer virun allem och de neiste Kabarettsprogramm vum Roll Gelhausen. Mierkt Iech elo schonn den Datum fir! Dir kënnt Iech gären och elo schonn umelle um meco@oeko.lu. Detailer (wat et als Maufel gëtt, Präis asw.) gëtt et awer eréischt am Dezember.
#Flashback #Heeschesäck #HuMerSossKengPéng?
E satiresche Réckbléck op 2024
Mir hunn eng nei Regierung!
Nei Biesem kiere besser, soen se.
Eis Stad muss nees propper ginn.
Mä och déi nei Biesem bleiwe lénks a riets hänken. Un den Trottoiren a Bordure vun de logeschen Iwwerleeungen an de juristeschen Interpretatiounen.
Fir de Rescht gëtt et awer och vläicht nach e puer wichteg Themen.
D’Fro stellt sech z.B.: Wéi eng Rekorder knacke mer 2024.
Beim Overshot Day hu mer eis scho mol verschlechtert. Amplaz de 14. Februar 2023 hu mer dëst Joer eréischt den 20. Februar sämtlech Ressourcë vun eiser Äerd verbraucht.
A neen, … dat ass jo eng Verbesserung. Awer natierlech keng fir sech op d’Schëlleren ze klappen. Do ass éischter nees Eng an d’Akaul verdéngt.
Da kucke mer lo mol ob mer den Hëtzerekord uechter d’Welt ob iwwer 60 Grad gehuewen an d’Unzuel vun den Iwwerschwemmungen nach e bëssche gesteigert kréien.
Ech sinn awer och gespaant wou mer déi 2 Millioune Leit placéieren déi mer deemnächst brauche fir eis Pensiounen ze bezuelen.
An et ass och nees e Waljoer!
Dat gëtt richteg spannend … dat Joer 2024